Backyard

lëtzebuergesch Museksgrupp

Backyard ass eng lëtzebuergesch Rockband, déi zanter 1992 existéiert an 2008 nei gegrënnt gouf.

Backyard
noframe
noframe
Backyard op der Fête de la Musique zu Esch-Uelzecht, 2012
Genre: Alternative Rock
Land: Lëtzebuerg
Grënnung: 1992
2008 (Comeback)
Websäit: www.backyard.lu
Aktuell Memberen
Gesank: Felix Götz
Batterie: Mike Richartz
Gittar: Michel Blanc
Keyboards: Eric Schmit
Bass: Sylvain Schrantz

Geschicht änneren

Vun 1992 bis 1996 änneren

Backyard gouf am Februar 1992 als Schülerband am Lycée Michel Rodange vum Steve "NG" Colin (Gesang), Philippe Kohn (Gittar), Jos Kirps (Gittar), Olivier Ludig (Bass) a Laurent Dura (Batterie) gegrënnt. 1993 koum et zu Neibesetzungen op der Batterie (Mike Richartz) an um Bass (Aly Chrisnach), zugläich huet de Jos Kirps d'Grupp verlooss. Zousätzlech sinn och nach den Xavier Hornick (Gei) an de Marc Halford (Keyboards) zu der Band gestouss. An dëser Besetzung ass och d'CD "The importance of the meaningless" mat 12 Lidder drop opgeholl ginn.

Zanter 2008 änneren

Am Abrëll 2008 hunn de Mike Richartz an de Steve Colin decidéiert, fir ënner dem Numm vun hirer aler Band Backyard erëm zesumme Musek ze maachen. Och wann et sech hei ëm deen Numm vun der Band aus den '90er Joren handelt, muss ee Backyard vun 2008 eigentlech als eng nei Band ugesinn; och a grad, wéinst deenen neie Memberen, déi de Stil a Richtung Alternative Rock gedréckt hunn. De Steve Colin huet aus senger Zäit bei Inbetween de Gittarist Michel Blanc matbruecht, an an dëser Besetzung sinn dann och déi éischt Prouwe mat Songwriting ugelaf. Am Juli 2008 ass den Eric Schmit op de Keyboards bei d'Band gestouss. Am Februar 2009 as de Charel Baumann als Bassist bei Backyard komm.

Am Juni 2011 ass d'Single-CD Back in My Life als Internetdownload op de Maart komm. Zanter dem 30. September 2011 ass 'Back in My Life' och als CD um Maart. D'Lidder 'Back in My Life' an Caught in Poverty hunn et allenzwee bis an d'Top 5 vun den RTL-iTunes Download Charts gepackt. Eleng Back in My Life ass tëscht Juni a September 2011 1400 Mol erofgeluede ginn.

Am November 2011 hu Backyard hir nächst Single an den HOLTZ-Studios zu Tënten opgeholl. Fir dës Opnamen huet de Charel Baumann säin Depart aus der Band annoncéiert. Hie gouf duerch de Marc 'Mulles' Muller ersat. Och de Sänger Steve Colin huet 2012 d'Band verlooss a gouf duerch de Larry Bonifas ersat. Zanter September 2012 ass hir EP mam Numm Blue Coloured Night als Download disponibel an ass am Januar 2013 och als CD erauskomm. D'Titellidd ass am Fréijoer 2013 op d'Nummer 1 vun de Lëtzebuerger I-Tunes Downloadcharts komm.[1]

Zanter Januar 2016 gëtt mat enger weiderer neier Besetzung am Gesank - de Felix Götz ersetzt de Larry Bonifas - an um Bass, un deem lo de Sylvain Schrantz steet, un neiem Material geschafft.

Discographie änneren

  • The importance of the meaningless, 1994 (CD-Album)
  • Back in My Life, 2011 (Single-CD)
  • Blue Coloured Night, 2012 (Download), 2013 (CD)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wort Nr. 10 vum 12. Januar 2013, S.17: Backyard revient sur le devant de la scène