District 7

lëtzebuergesch Rockband

District 7 ass eng lëtzebuergesch Rockband.

District 7
Museksgenre Indie-Pop, Indie-Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2011
Websäit www.district7.lu
Memberen Julien Binda (Gesank, Rhythmusgittar)
David Marx (Lead-Gittar)
Jeff Hennico (Bass)
Denis Schumacher (Batterie)

Bandgeschicht änneren

D'Band gouf 2011 zu Esch-Uelzecht gegrënnt. De Bassist Jeff Hennico hat zwee Joer virdru schonn Anthem of the Sun matgegrënnt.

Um Screaming Fields 2013 kruten District 7 zesumme mat Tuys de Präis fir déi bescht Live-Performance.[1] D'Joer drop krute si do fir d'Lidd Crossing Paths de Präis vun der Sacem fir déi bescht Kompositioun an d'Geleeënheet, een Dag laang Opnamen am Tounstudio vun der Rockhal ze maachen.[2] Zwee Joer duerno hu si um selwechte Festival direkt zwee Präisser gewonnen: dee fir dat bescht Lidd (Heartbeat), mat deem si erëm een Dag am Tounstudio kruten, an de "Coup-de-Coeur"-Präis. Domat hu si och e ganze Suivi mat Profi'en aus der Musekszeen gewonnen, déi bei den Opnamen hëllefen hunn a si technesch beroden.[3],[4],[5]

2013 huet District 7 den Nowuessconcours Rock the South gewonnen.[6]

Eng éischt EP mam Titel Brave New World koum 2014 eraus. Si gouf vum Charel Stoltz gemëscht. 2017 gouf déi zweet EP The Place We Used to Call Home verëffentlecht. De Video vum Extrait mam selwechten Numm gouf vum Sam Flammang gedréint.

An där Zäit hunn District 7 och op enger ganzer Rei Musekfestivalle gespillt, dorënner um Food for Your Senses (2014), um Mess for Masses (2014), um Rock um Knuedler (2015 an 2017), um Rock de Schleek (2016) an um Rock un der Atert (2017).

D'Single You Are ass am September 2018 erauskomm, erëm mat engem Video vum Sam Flammang. Am Dezember 2018 gouf Cross My Heart presentéiert, als éischt Single vun hirem zukünftegen Album, deen d'Band du am Gaange war zu Lissabon opzehuelen. Zwee Méint méi spéit koum den zweeten Extrait Gone dobäi, an am Mäerz 2019 sinn District 7 op Tour an Däitschland, Holland, England a Frankräich gaangen. Si hunn op hirer A Beautiful Day to Die Tour ënner anerem zu Amsterdam, Birmingham, London, Köln a Lille gespillt.

Der Band hiren éischten Album koum am Mee 2019 eraus. De Releaseconcert vun A Beautiful Day to Die war an de Rotonden.[7] Beim Musikvideo vun der drëtter a leschter Single Bang Bang huet de Cédric Letsch Regie gefouert.

Am Oktober 2019 war d'Band den Opener vum Concert vun der finnescher Band Poets of the Fall an der Rockhal. Och um Concert vun der brittescher Band Skunk Anasie am Atelier am Juli 2022 hätten District 7 als Opener sollen optrieden, mee dee Concert gouf ofgesot.[8]

Diskografie änneren

Album änneren

  • 2019: A Beautiful Day to Die

EP änneren

  • 2014: Brave New World
  • 2017: The Place We Used to Call Home

Singelen änneren

  • 2016: Heartbeat
  • 2017: BLKWHT
  • 2017: The Place We Used to Call Home
  • 2018: You Are
  • 2019: Cross My Heart
  • 2019: Gone
  • 2019: Bang Bang

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. virgule.lu: Screaming Fields: District 7 et Tuys remportent la finale (7. Juli 2013)
  2. luxtimes.lu: Winners of Screaming Fields 2014 are... (6. Juli 2014)
  3. luxtimes.lu: Soulhenge, District 7 win big at Screaming Fields (18. Juli 2016)
  4. lequotidien.lu: District 7 ouvre ses portes vum Pablo Chimienti (9. Februar 2017)
  5. tageblatt.lu: Gewinner des Screaming-Fields-Festivals vum Chantal Tonnar (18. Juli 2016)
  6. magazine-karma.fr: Danny Boland : vainqueur du Rock the South 2014 !
  7. wort.lu: District 7 stellt Debütalbum in den Rotondes vor vum Sophie Schülke (14. Mee 2019)
  8. Informatiounen zum Concert op atelier.lu