Anthem of the Sun

lëtzebuergesch Museksgrupp

Anthem of the Sun war eng lëtzebuergesch Pop-Rock-Band, déi tëscht 2009 an 2013 existéiert huet.

Anthem of the Sun
Museksgenre Pop-Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2009
Trennung 2013
Memberen Esther Conter (Gesank) (vun 2010 un)
Patrick Kraus (Gittar)
Christophe Reitz (Elektresch Gei)
Jeff Hennico (Batterie)
Laurent Krier (Keyboard)
Philipp Colling (Bassgittar) (vun 2010 un)

Bandgeschicht änneren

D'Grupp gouf 2009 als Schülerband vum Patrick Kraus, Laurent Krier, Christophe Reitz a Jeff Hennico gegrënnt. Den Numm kënnt vun engem Album vun der amerikanescher Band Grateful Dead aus dem Joer 1968.

2010 hunn Anthem of the Sun beim Screaming-Fields-Festival matgemaach, wou si de Stater Athénée vertrueden hunn,[1] an d'Sängerin Esther Conter an de Bassist Philipp Colling koumen dobäi.

Ufank 2011 hunn d'Lieser vun essentiel.lu Anthem of the Sun als Virband fir de Concert vun Eternal Tango zu Woltz gewielt.[2] No engem Optrëtt am Mee um Food for Your Senses hu si am Juni neess beim Screaming Fields matgemaach, wou si fir Broken de Präis fir dat bescht Lidd gewonnen hunn.[3]

Hir éischt EP Red Ballonn koum am Juli 2011 eraus. Déi dräi Lidder, dorënner den Titelsong mam selwechten Numm, goufe mam Ralph Popov am Equinox Studio zu Lëtzebuerg opgeholl. Géint Enn dës Joers ass Anthem of the Sun och nach um Rock the South opgetrueden.

Am Mee 2012 huet d'Band hir zweet a lescht EP Introspection erausbruecht, op där erëm dräi Lidder ze fanne sinn. Si gouf am Hierscht 2011 am Holtz Studio zu Tënten zesumme mam Charel Stoltz opgeholl.[4] D'Releaseparty war am Melusina Club a Clausen, mat Backyard a Seed to Tree als Support-Acts.[3] D'EP hat eng Oplag vun 1.000 CDen.[5]

Am selweschte Joer sinn Anthem of the Sun och nach ënner anerem um Rock um Knuedler an op der Fête de la Musique zu Iechternach opgetrueden. 2013 koumen nach e puer aner Concerten dobäi, éier sech d'Band schlussendlech getrennt huet.

De Christophe Reitz mécht weiderhi Musek, ënner dem Numm All Reitz Reserved. Och de Jeff Hennico ass duerno nach an der Band District 7 aktiv bliwwen.

Diskografie änneren

EPen änneren

  • 2011: Red Ballon
  • 2012: Introspection

Singelen änneren

  • 2011: Red Balloon
  • 2012: Beautiful

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. tout-luxembourg.com: Festival Screaming Fields of Sonic Love 2010 – 5 juin Rockhal (23. Mee 2010)
  2. lessentiel.lu: Anthem of the Sun fera la première partie (31. Januar 2011)
  3. 3,0 3,1 luxtimes.lu: "Introspection" for Anthem Of The Sun - win tickets & EP vum Adam Walder (27. Abrëll 2012)
  4. wort.lu: Anthem of the sun en pleine «Introspection» (23. Abrëll 2012)
  5. Le Quotidien: Jeune pousse vum Hélène Carrière (26. Januar 2012)