Jean-Pierre Sauvage

Portraitsmoler
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Moler Jean-Pierre Sauvage. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Pierre Sauvage (Homonymie).
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean-Pierre Sauvage, gebuer den 11. Abrëll 1699 an der Stad Lëtzebuerg an de 27. September 1780 zu Bréissel[1],[2],[3] gestuerwen, war e Moler, deen op Portraite spezialiséiert war.

Jean-Pierre Sauvage
Gebuer 11. Abrëll 1699
Lëtzebuerg
Gestuerwen 27. September 1780
Bréissel
Aktivitéit Moler
Portrait vum Karl Josef Batthyány

Säi Liewen änneren

De Jean-Pierre Sauvage war mat der Anne-Marguerite Masson bestuet a si kruten an 22 Joer 11 Kanner. 1736 ass d'Famill op Bréissel geplënnert an de Sauvage gouf do als "Auslänner" (dat heescht als en net Bréisseler) an der Guilde de Saint-Luc opgeholl. Hie gouf 3 Joer drop Attaché des ouvrages de la Cour du Gouverneur Général des Pays Pays ernannt. De Jean-Pierre Sauvage stoung 30 Joer am Déngscht vum Prënz Karl Alexander vu Loutrengen.

Hien hat och den Titel vun engem Haffmoler bei der Keeserin Maria Theresia zu Wien, wou hie wuel och mat den Adelskreesser a Kontakt komm. Op dës Aart a Weis ass ë. a. och de Portrait vum Generolfeldmarschall Karl Josef Batthyány entstanen, deen elo am Heeresgeschichtleche Musée zu Wien ass.

Nieft ville Portraite si vun Sauvage och nach eng Rëtsch reliéis Biller erhalen, mä vill Biller, déi him zougeschriwwe ginn, si weeder signéiert nach datéiert[4].

D'Wierker vum Jean-Pierre Sauvage sinn haut iwwer hallef Europa verstreet, ë. a. zu Niedersgegen, an der Belsch, zu Oschatz, Braunschweig, Wien an zu Florenz. Ee Wierk vun him ass am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an der Stad[4].

No him genannt änneren

Als Erënnerung un de Jean-Pierre Sauvage ass um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt (Rue Jean-Pierre Sauvage).

Wierker (Auswiel) änneren

  • Portrait vum Karl Fürst Batthyany. Ueleg op Toile, 1748, 137×113 cm, Heeresgeschichtliches Museum, Wien.
  • Portrait vum Karl Alexander vu Loutrengen, Ueleg op Toile, Schlass Lucklum.

Um Spaweck änneren

Commons: Jean-Pierre Sauvage – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Robert Matagne, Le peintre Jean-Pierre Sauvage, Biographie nationale Fascicule 15, 1967.
  2. Paul de Zuttere, Les deux Sauvage, peintres à Bruxelles au XVIIIe siècle, L'Intermédiaire des Généalogistes, № 128, 1967.
  3. Dem Henri Beck no, wier de Sauvage zu Lëtzebuerg gestuerwen. Kuckt: Artikel: Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an Ons Stad 64/2000, Säit 29
  4. 4,0 4,1 Henri Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an Ons Stad 64/2000, Säit 29