De Proxima Centauri b (oder kuerz Proxima b)[3] ass en Exoplanéit, dee ronderëm de Proxima Centauri dréint, dee Stär, deen am nooste bei eisem Sonnesystem ass. Seng Entdeckung gouf vun engem Fuerscherteam ëm de Guillem Anglada-Escudé vun der Queen Mary Universitéit vu London de 24. August 2016 an der Fachzäitschrëft Nature publizéiert.

Exoplanéit Proxima Centauri b
De Proxima Centauri (kleng, an der Bildmëtt), ëmkreest vun der habitabler Zon (gréng) mat der Ëmlafbunn vu sengem Planéit; an der lénkser Bildhallschent zum Verglach d'Sonn mam Merkurbahn.
Stärebild: Centaurus (Cen)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 14h 29m 42,94853s
Deklinatioun - 62° 40' 46,1631"
Visuell Magnitude 11,13
Orbitdaten
Zentralstär Proxima Centauri
Grouss Hallefachs 0,05 AE
Exzentrizitéit 0 (0 bis 0,35)[1]
Ëmlafdauer 11,186 Deeg
Ëmlafvitess 48,6
Physikalesch Eegenschaften
Radius 1,1 Äerdradien
(aus der Mass geschat)[2]
Mass: 1,27 Äerdmass (Minimum)
= zirka 7,6•1024
Temperatur 234 Kelvin = -39 °C
(Schwaarzkierper-Temperatur)
Distanz a Liichtjoer 4,224
Geschicht
Entdecker Guillem Anglada-Escudé
Entdeckungsjoer 24. August 2016
Aner Bezeechnungen Alpha Centauri Cb, Proxima b
GL 551 b, HIP 70890 b
V645 Cen b, GCTP 3278,00 b
GJ 551 b, LHS 49 b
LFT 1110 b, LTT 5721 b

Eegenschaften änneren

De Proxima Centauri b huet op d'mannst 1,27 Äerdmassen. Ofhängeg vun der (nach onbekannter) Inklinatioun kann d'Mass nach méi grouss sinn, woubäi hie mat 90% Warscheinlechkeet eng Mass vun ënner 3 Äerdmassen huet. De Proxima Centauri b gehéiert wéinst senger (warscheinlecher) Mass domat zu den äerdänlechen Exoplanéiten.

De Stär Proxima Centauri, ëm deen hie kreest, ass e rouden Zwerg am Stärebild Centaurus. Hien ass nëmme 4,24 Liichtjoer (zirka 268 000 astronomesch Eenheeten respektiv 40.140 Milliarde km vun der Äerd ewech.

De Proxima Centauri b kreest ëm säi Stär an der habitabler Zon. Op him kéint flëssegt Waasser existéieren, eng wichteg Viraussetzung fir Liewen.

Den Exoplanéit huet méiglecherweis eng gebonne Rotatioun. An deem Fall ass unzehuelen, datt d'Hemisphär déi am Liicht läit. däitlech méi waarm ass, wéi déi ofgedréint Säit. D'Albedo gëtt mat 0 uginn[4]. Déi berechent Gläichgewiichtstemperatur vum Planéit ass 234 Kelvin (-39 °C), d'Uewerflächentemperatur kann awer wéinst dem Zäreneffekt méi héich sinn, wann de Planéit eng Atmosphär huet.

Entdeckung änneren

Den Exoplanéit Proxima Centauri b gouf mat der Radialvitessmethod fonnt. D'Miessunge goufe mam HARPS um La-Silla-Observatoire an dem UVES-Spektrograph um VLT gemaach.

 
D'Bild weist Ännerunge vun der Vitess vum Stär Proxima Centauri vun der Äerd ewech respektiv op d'Äerd zou zanter dem 1. Januar 2016. Dat reegelméissegt Muster vun de Radialvitessen déi sech änneren (rout, a vertikal Achs) widerhëlt sech mat enger Period vun 11,2 Deeg - der Ëmlafzäit vum Planéit, deen domat indirekt gewise gëtt (blo Linn).

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Proxima Centauri b – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://exoplanet.eu/catalog/proxima_cen_b/
  2. A Potentially Habitable World in Our Nearest Star Gearchiveerd op 2019-05-02. Gekuckt de(n) 2016-08-26.
  3. Planet um erdnächsten Stern entdeckt (www.orf.at vom 24. August 2016)
  4. D'Albedo ass net explizit am fräi zougänglechen Artikel "A terrestrial planet candidate ... around Proxima Centauri" vun den Entdecker op der Websäit vun der ESO ernimmt, awer et heescht do op der Säit 10 ënner der Iwwerschrëft Berechent Gréissten ("Derived quantities"), datt déi equivalent Schwaarz Kierper - Temperatur ("Eq. black body temperature") 234 K wier an e schwaarze Kierper huet am Géigesaz zu engem groe Kierper eng Albedo vun 0.