Gläichgewiichtstemperatur

D'Gläichgewiichtstemperatur ass déi Temperatur, déi sech no entspriechend laanger Zäit an engem System vum selwen astellt. An der Astronomie sinn d'Gläichgewiichtstemperature vu Gaswolleken a Planéitenuewerfläche wichteg.

Gläichgewiichtstemperatur vun enger Planéitenuewerfläch änneren

Ënner den Hypotheesen, datt

  1. de Planéit keng eegen Energiequell huet,
  2. déi agestraalt Energie nees komplett ofgestraalt gëtt,
  3. d'Atmosphär wéi e schwaarze Kierper straalt an
  4. den Deel   vun der Energie als visuellt Liicht reflektéiert gëtt an net zu enger Erwiermung vun der Planéitenuewerfläch beidroe kann,

da gëllt mat de Bezeechnungen

  1.   fir de Planéiteradius,
  2.   fir d'Distanz vun der Sonn,
  3.   fir d'Temperatur,
  4.   fir d'Konstant vum Stefan Boltzmann an
  5.   d'Liichtkraaft vun der Sonn.

fir déi pro Sekonn absorbéiert Sonnenenergie den Ausdrock

 

Dobäi ass d'Liichtkraaft   vun der Sonn op déi ganz Kugel mat engem Radius   verdeelt. Mat där Dicht hëlt awer déi ganz Planéitenuewerfläch   Energie op. Vun der theoreetesch méiglecher Energie ginn duerch Reflexioun   verluer.

Déi ofgestraalt Energie pro Sekonn ass:  

D'Equatioun fir déi ofgestraalt Leeschtung erfollegt aus dem Produkt vun der Uewerfläch   an der Temperatur   a véierter Potenz mat der Proportionalitéitskonstant  .

D'Gläichgewiichtsbedéngung   gëtt:  

Fir d'Äerd resultéiert dat mat   am Wäert  , mat   an  , observéiert gëtt awer  . Déi méi héich Temperatur ass op den Zäreneffekt zeréckzeféieren. Deen ass besonnesch staark op der Venus, wou déi berechent Temperatur bei  , déi vum gemoossene Wäert awer bei   läit. En ëmgekéierten Effet ass beim Mars ze fannen, deen eng däitlech méi dënn Atmosphär wéi d'Venus an d'Äerd huet. Do läit déi berechent Temperatur vun   e bëssi méi héich wéi déi real observéiert Temperatur  .

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie