Goa
Goa (Konkani: गोंय [goṃya]; Marathi: गोवा [govā]) ass dee klengsten indesche Bundesstaat. E läit op der mëttelster Westküst vun Indien. Goa huet eng Fläch vun 3.702 Quadratkilometer a knapps 1,5 Milliounen Awunner (Vollekszielung 2011). D'Haaptstad vum Bundesstaat ass Panaji, vun de Portugise Pangim a vun de Britte Panjim genannt.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f6/Goa_in_India_%28disputed_hatched%29.svg/300px-Goa_in_India_%28disputed_hatched%29.svg.png)
De Bundesstaat ass no der fréierer Stad Goa genannt, déi haut Velha Goa heescht. D'Regioun war vu 1510 bis 1961 eng portugisesch Kolonie, wat bis haut a Kultur a Gesellschaft seng Spueren hannerlooss huet. Eng dovun ass déi héich Proportioun vu Katholicken an der Bevëlkerung.
Um Spaweck
ännerenCommons: Goa – Biller, Videoen oder Audiodateien |