Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Wärungsunitéit Pond. Fir d'Masseneenheet, kuckt wgl. Pond.

D'Pond (en.: Pound, it.: Lira, fr.: Livre) ass eng Wärungsunitéit, déi vum Pond Gewiicht vun engem Eedelmetall ofgeleet ass. Als Wärungssymbol gëtt dacks, mee net ëmmer "£" oder "" gebraucht.

Wéi d'Gewiichtsunitéit Pond sech an Europa verbreet huet, huet se enger ganzer Rëtsch vu Mënzen a Wärungssystemer (och dacks als Lira) den Numm ginn. De Karel de Groussen hat festgeluecht, datt aus engem Pond Sëlwer 240 Pennénger (Denaren) geklappt misste ginn. Dëse System huet sech a Groussbritannien an an Irland am Pond Sterling respektiv dem Iresche Punt bis 1971 erhalen.

En ale Synonym fir Pond ass "Guinee", Guinea oder Guinée.

Haiteg Wärungen änneren

Historesch Wärungen änneren