Pond
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der aler Mooss fir Mass. Fir déi al Mooss fir Kraaft, kuckt wgl. Kilopond. |
Pond ass eng al Mooss fir Mass. Den Numm kënnt vum Laténgesche pondus (Gewiicht). D'Gewiichtsunitéit gouf och geholl fir Eedelmetaller ze weien, an ass sou och eng Wärungsunitéit.
Obwuel et scho laang keng offiziell Unitéit méi ass, gëtt et ëmgangssproochlech (virun allem beim Kaf vu Liewensmëttel am Lassenen), nach dacks gebraucht fir en hallwe Kilogramm (500 Gramm).
Pond als Gewiichtsunitéit
ännerenD'Pond ass fir d'éischt am karolengesche Räich opgedaucht. Et geet op dat alréimescht Libra zeréck, vun deem och d'Kuerzzeechen Lb oder lb iwwerholl gouf. Ënner dem Karel de Groussen gouf d'Gewiicht gehéicht (Karls-Pond), op wéi vill genee, ass haut net méi gewosst.
Am Mëttelalter war d'Pond als Gewiichtsmooss a ganz Europa verbreet, säi Gewiicht war awer vu Stad zu Stad verschidden. 1854 huet den Däitschen Zollveräin d'Pond op exakt 500 Gramm festgeluecht.
D'Pond ass keng SI-Eenheet.
D'amerikanescht a brittescht Pond (och Avoirdupois Weight genannt) huet exakt 453,59237 Gramm an entsprécht 16 Onzen. D'amerikanescht- an d'brittescht Apdikteschpond (Troy pound) do dergéint huet eng Mass vun exakt 373,2417216 Gramm an ass an 12 Rengonzen (Troy ounce) ënnerdeelt. D'Reng-Onz (31,1035 Gramm) ass d'Gewiichtsunitéit fir de Goldhandel.
Pond als Wärungsunitéit
ännerenMat senger Verbreedung a ganz Europa huet d'Pond (respektiv d'Libra) enger ganzer Rëtsch Mënzen a Wärungen hiren Numm ginn (Wéi z. B. dem brittesche Pond Sterling).
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Pond (Wärung).