Irescht Pond

fréier Wärung vun Irland

D'Irescht Pond (IEP) war vun 1928 bis den 31. Dezember 2001 déi offiziell Wärung vun Irland. Si gouf den 1. Januar 2002 duerch den Euro ersat, nodeems Irland der Eurozon bäigetruede war.

20 Iresch Pond (Récksäit)

1 Pond war an 100 Pence ënnerdeelt.

Geschicht

änneren

D'Irescht Pond gouf 1928, kuerz no der Onofhängegkeet als Wärung agefouert. Bis den 29. Mäerz 1979 war d'Irescht Pond am Verhältnis 1:1 un d'brittescht Pond gebonnen. Den 30. Mäerz 1979 gouf dunn e Wiesselcours agefouert.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR  = 0,787564 IEP fixéiert.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Irescht Pond – Biller, Videoen oder Audiodateien