Helleg-Geescht-Plateau
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Helleg-Geescht-Plateau ass e Plateau deen am Südoste vun der Stad op engem Fielsvirspronk läit an am Westen an am Süde vum déiwen Dall vun der Péitruss begrenzt gëtt. Am Oste falen d'Fielsen an den Uelzechtdall mam Stadgronn. Op der Héicht schléisst en un de Kär vun der Alstad un, wou graff gesot, d'Helleg-Geescht-Strooss an d'Corniche d'Grenz vum Plateau am Nordweste bilden.
Situatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Postcode | L-1475 |
Koordinaten | 49°36'28,58"N, 6°8'1,82"O |
Morphologie | |
Héicht i. M. | 294 m |
De Plateau mat enger Fläch vu ronn 5 ha läit op enger Héicht vun ca. 294 Meter. Déi héchst Plaz um Plateau ass de Kanounenhiwwel mat 300,8 Meter.
Um Helleg-Geescht Plateau stoung fréier e Klarissinnen-Klouschter, duerno gouf d'Plaz als Festungsanlag mat Zitadell ausgebaut. Nom Schleefe vun der Festung stoungen do nach laang déi fréier Kasären an deene verschidde Verwaltungen hir Plaz haten an zanter 2008 ass do déi nei Cité judiciaire.
No Jore mat archeologeschen Ausgruewungen, soll am Joer 2025 déi archeologesch Krypta vum Site der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach ginn, an en Abléck an d'Liewen an den Opbau vun deem fréiere Klouschter ginn.[1]
Kuckt och
ännerenBiller
änneren-
Geriicht an der fréierer Kasär
Um Spaweck
ännerenCommons: Helleg-Geescht-Plateau – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ (fr)Vari, Camille, La crypte archéologique du Saint-Esprit sera ouverte au public pour la première fois en 2025. Le Quotidien (17.12.2024). Gekuckt de(n) 17. Dezember 2024.