Dauwebuer um Helleg-Geescht-Plateau

Buer um Helleg-Geescht-Plateau an der Stad.

Den Dauwebuer um Helleg-Geescht-Plateau ass e Buer um Helleg-Geescht-Plateau, bei der Cité judiciaire an der Stad Lëtzebuerg.

Dauwebuer um Helleg-Geescht-Plateau
Typ Sprangbuer,
Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Plateau du Saint-Esprit
Koordinaten 49°36'27,338"N, 6°8'6,479"O
Ageweit 1988
Material Granit, Bronz
Kënschtler Fabrizio Cocchia

De Buer gouf 1988 mam Amenagement vun der Plaz vum Staat opgeriicht[1]. Et ass e Block Granit vun deem aus d'Waasser op de véier Säiten an e Baseng drënner erofleeft. Den italieeneschen Architekt Fabrizio Cocchia huet 1986 eng bronze Skulptur geschaaft, déi um Granitblock sëtzt. Se stellt 10 Dauwen an engem gebéiten Hallefkrees duer, deen d'Fluchbunn vum Vull, deen d'Waasseruewerfläch beréiert soll duerstellen[2]. Déi éischt Dauf hält en Olivenhallem an hirem Schniewel. D'Skulptur soll als Friddensmessage verstane ginn.

De Buer gouf géint 2010 wéinst dem Schantje vun der Cité judiciaire vu senger ursprénglecher Plaz ewechgeholl[2] an duerno net wäit vun der initialer Plaz ewech nees opgeriicht.

Um Spaweck änneren

Commons: Dauwebuer um Helleg-Geescht-Plateau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Claude Wolwert, Stater Chronik an Ons Stad Nr. 28/1988, S. 3
  2. 2,0 2,1 Isabelle Yegles, Les fontaines en ville haute et la représentation de l'animal an Ons Stad, 97/2011, S. 52-54