Philip Crowther
De Philip Crowther, gebuer 1981, ass e brittesch-däitsch-lëtzebuergesche Journalist.
Philip Crowther | |
---|---|
De Philip Crowther (2019) | |
Gebuer |
1981 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Däitschland, Lëtzebuerg |
Educatioun |
Athénée de Luxembourg, King’s College London |
Aktivitéit | Journalist |
Hien ass am Wäissen Haus Korrespondent fir ë. a. France 24, RTBF, RTL Télé Lëtzebuerg an de Radio 100,7 a Member vun der White House Correspondents' Association.
Am Kader vun der Vereedegung vum 46. US-amerikanesche President 2021 gouf hien international als polyglotte Journalist bekannt well hie fléissend op Franséisch, Spuenesch, Portugisesch, Englesch, Däitsch a Lëtzebuergesch kommentéiert huet. Bei der Wal vum 47. US-amerikanesche President am November 2024 ass de Journalist mat lëtzebuerger Wurzelen, deen zanter 2018 bei der weltwäit gréisster Noriichtenagence AP- Associated Press (New York) engagéiert ass, erëm op der Plaz fir ze berichten.[1]
Säi Liewen
ännerenDe Philip Crowther ass als Bouf vun enger däitscher Mamm an engem englesche Papp zu Mamer opgewuess. Hie war am Stater Kolléisch, wou hien 2001 seng Première gemaach huet ier hien zu London um King's College Spuenesch studéiert huet a säi Studium 2008 mat engem Bachelor of Arts ofgeschloss huet. Hien huet och nach en Zousazstudium am Tëlee-Journalismus op der University of the Arts gemaach.
Ier hien op Washington geplënnert ass wou hien elo wunnt a schafft, war hie Reporter bei France 24 zu Paräis an huet ë. a. an Italien, Angola, Südafrika, Däitschland, Groussbritannien an a Libyen, Reportagë gemaach.
Karriär
änneren- 2006: Sportsreporter bei El País am Uruguay
- zënter 2011: fräischaffende Reporter bei Radio France internationale
- zënter 2011: White House Correspondent
- zënter 2019: International Affiliate Reporter bei der Associated Press
- fräischaffende Reporter ë. a. bei France 24, RTL Télé Lëtzebuerg, RTBF a Radio 100,7
Auszeechnungen a Gielercher
änneren- Prize of Professional Excellence 2021 vun der Association of Foreign Press Correspondents[2]
- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2022)[3][4]
Literatur
änneren- Geimer, J., 2021. Im Dauereinsatz. Philip Crowther arbeitet bei den Sommerspielen in Tokio für diverse Medien - und in verschiedenen Sprachen. Luxemburger Wort vum 10. August 2021, S. 27.
- Michael Juchems, "Philip Crowther: Luxemburgs Mann im Weißen Haus." wort.lu, 23.01.2021; och als: „Man hatte sich an das Chaos gewöhnt – Journalist Philip Crowther über seine Arbeit …“, Luxemburger Wort, 23.01.2021, S. 110. [Interview].
Um Spaweck
änneren- Curriculum vitae op www.philipcrowther.com
- Linkedin-Profil vum Philip Crowther
- "Luxembourgish reporter Philip Crowther has stunned people around the world - we interviewed him in 2018." today.rtl.lu, 22.01.2021.
- "Live Planet People" Interview vum 12.01.2017.
Referenzen
änneren- ↑ (lb)Zenners, Mariette, De Sonndesinterview mam Philip Crowther: "Et ass extreem ongewëss, wéi d’US-Wal ausgeet”. rtl.lu (3. November 2024). Gekuckt de(n) 3. November 2024.
- ↑ " 'The most important part of our jobs is to be accurate'. " op foreignpress.com, 2021-12-01.
- ↑ (de)Die „Lëtzebuerger Success Story“ im Lichte der jüngsten Krisen. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (23.06.2022). Gekuckt de(n) 23.06.2022.
- ↑ (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 24.02.2024.