Orchesella hoffmanni
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Ënnerstamm: Hexapoda
Klass: Entognatha
Uerdnung: Collembola
Famill: Entomobryidae
Gattung: Orchesella
Wëssenschaftlechen Numm
Orchesella hoffmanni
Stomp, 1968

Orchesella hoffmanni ass eng Collembolenaart (Sprangschwänz) aus der Famill vun den Entomobryidae, déi zu Lëtzebuerg endeemesch an der Géigend vum Lëtzebuerger Sandstee virkënnt. Si ass am Joer 1968 vum Norbert Stomp unhand vu Material, dat hien 1965 an de Mamerleeën (no bei Schëndels) an 1966 an den Noumerleeën (no bei Noumer) fonnt hat, als nei Aart beschriwwe ginn. De wëssenschaftlechen Numm ass en Hommage un de Professer Jos Hoffmann.[1]

1993 ass d'Aart nieft de Mamer- an Noumerleeën och nach bei der Thillsmillen (Mamer), an 1994 zu Haler (Halerbaach) an zu Simmer (Aarlergronn) nogewise ginn.[2] Spéider koumen nach e puer weider Plazen dobäi.[3]

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Stomp 1968, S. S. 259-264.
  2. Reiffers & Arendt 1995, S. 118.
  3. Stomp & Weiner 2005, S. 228.