Stamm (Biologie)
De Stamm (lat. phylum) ass an der Biologie eng systematesch Kategorie, an der Zoologie an an der Bakteriologie. E Stamm regruppéiert déi verschidde Klassen.
De Stamm kann nach an: Iwwerstamm an Ënnerstamm agedeelt ginn.
E Beispill ass:
- Iwwerstamm: Deuterostomia
- Stamm: Chordata
- Ënnerstamm: Wierbeldéieren
- Stamm: Chordata
D'Kategorie iwwer dem Stamm ass d'Räich.
Tëscht dem Räich an dem Stamm gëtt et heiansdo nach eng Zwëschekategorie d'Ofdeelung, mä dat just a ganz wéinegen zoologesche Fäll. D'Ofdeelung gëtt haaptsächlech an der Botanik benotzt fir d'Planzeräich anzedeelen.