Ferrantia
wëssenschaftlecher Publikatiounsserie vum MnhnL
Ferrantia ass den Numm vun enger wëssenschaftlecher Publikatiounsserie déi den Naturmusée erausgëtt. D'Serie ass nom Victor Ferrant (1856-1942), dem lëtzebuergeschen Zoolog a fréiere Conservateur am Naturmusée benannt.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/thumb/c/c8/Ferrantia_053.jpg/180px-Ferrantia_053.jpg)
D'Ferrantia verëffentlecht d'Resultater vu Fuerschungsaarbechten am Beräich vun den Naturwëssenschaften, haaptsächlech vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. Déi meescht Bänn enthalen eng Aarbecht, eng Rei anerer e puer Aarbechten zu engem bestëmmte Sujet. D'Texter sinn op Däitsch, Franséisch oder Englesch geschriwwen.
D'Bänn vun der Serie kommen onreegelméisseg eraus, jee no Bedarf.
- 1980-1999: 32 Bänn, mat lafender Nummer, kommen ënner dem Numm Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle de Luxembourg eraus.
- 2002: vum Band 33 un kritt d'Serie en neien, méi kuerzen Numm (Ferrantia), behält awer deen alen Numm als Zousaz.
Bis 2012 sinn am Ganzen 68 Bänn erauskomm.
D'Serie huet d'ISSN-Nummer: 1682-5519.
Kuckt och
änneren- Aner naturwëssenschaftlech Zäitschrëften zu Lëtzebuerg:
- Archives des sciences naturelles, physiques et mathématiques (*1906)
- Bembecia (*2007)
- Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois (*1891)
- Ferrantia. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle. (*1980)
- Naturwaldreservate in Luxemburg (*2008)
- Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg (1874-1905)
- Regulus / Wissenschaftliche Berichte (*1951)
Um Spaweck
änneren- Lëscht vun de Ferrantia-Bänn um Internetsite vum Naturmusée