Klass (Biologie)
D'Klass (lat. classis) ass an der Biologie eng systematesch Kategorie, déi déi verschidden Uerdnungen zu enger Grupp zesummefaassen.
D'Klass kann een nach an: Iwwerklass, Ënnerklass an Infraklass andeelen. D'Infraklass gëtt haaptsächlech benotzt wann tëscht der Ënnerklass an der Iwweruerdnung nach eng Andeelung gebraucht gëtt.
E Beispill ass:
- Iwwerklass: Gnathostomata
- Klass: Mamendéieren
- Ënnerklass: Theria
- Infraklass:Héijer Mamendéieren
- Ënnerklass: Theria
- Klass: Mamendéieren
D'Kategorie iwwer der Klass ass de Stamm.