Déiereräich

Räich (Ënnergrupp) vun den Eukaryoten

D'Déiereräich (Animalia) ass eent vun de véier Räicher vun den Eukaryoten. D'Naturwëssenschaft vun den Déieren ass d'Zoologie.

Déiereräich
Aphthona flava

Aphthona flava
Aphthona flava
Systematik
Domän: Eukaryoten
Räich: Déiereräich
Wëssenschaftlechen Numm
Animalia

Et gëtt iwwer 30 Stämm am Déiereräich an all Membere sinn Organismen déi méi Zellen hunn, keng Photosynthes bedreiwen, mä hir Energie mat der Narung ophuelen.

D'Déiereräich ëmfaasst net nëmmen d'Mamendéieren, mä och d'Reptiller, d'Vullen, d'Amphibien, d'Fësch an déi enorm Mass vun Déieren ouni Wierbel wéi d'Schwämm, d'Quallen, d'Kriibsen, d'Insekten an d'Séistären.

D'Zoologen hu bis elo schonn iwwer 1,5 Milliounen Déierenaarte beschriwwen, dovu sinn 90 % ouni Wierbel. D'Wësseschaftler ginn dovun aus datt et nach 15 Milliounen onentdeckt Aarte gëtt.

Entwécklung änneren

Well d'Déiere vill Kraaft fir d'Fortbeweegung brauchen, hu sech d'Muskelen an de Skelett entwéckelt. D'Fortbeweegung war wichteg, well si hir Energie just konnten duerch d'Friesse vun aneren Organisme kréien.

Ausserdeem hu si Sënnesorganer gebraucht fir Informatiounen ze kréien a sech séier kënnen z'orientéieren. Fir dës Informatiounen ze verschaffen an a prezis Beweegunge vun de Muskele kënnen ëmsetzen, hu si en Nervesystem gebraucht. E groussen Deel vun den Déieren hunn ausserdeem e Verdauungssystem gebraucht fir d'Narung déi opgeholl ginn ass a konsuméierbar cheemesch Eenzeldeeler ze zerleeën an de Recht erëm auszescheeden.

Sënnesorganer änneren

Ouni hir Sënner kënnen Déiere keng Narung oder aner Déiere fannen. Si géifen net matkréie wa si a Gefor sinn a kéinte sech bei der Fortbeweegung net orientéieren. Nieft deene 5 bekannte Sënner, wéi d'Richen, d'Fillen, d'Kucken, d'Héieren, d'Schmaachen, hu vill Déieren nach aner Sënner déi si brauche fir z'iwwerliewen. D'Klapperschlaange kënnen z. B. waarm Stralen empfannen a sou hiert Affer erkennen. All Sënnesorganer wéi d'Aen, d'Oueren oder d'Taaschthoer vun den Huese sinn iwwer Nervenzelle mam Gehier verbonnen.

Anatomie änneren

Vill Déieren, virun allem d'Landwierbeldéieren hunn e Skelett, dee wichteg ass fir de Kierper ze halen, déi bannenzeg Organer ze schützen a fir d'Muskelen. D'Wierbeldéieren hunn e Skelett aus Schanken, ouni dat si sech emol net kéinte beweegen. Aner Déiere wéi d'Spannendéieren hunn e Skelett aus der fester Substanz Chitin.

Systematik änneren

Déiereräich

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Déiereräich – Biller, Videoen oder Audiodateien
Déi véier Räicher vun den Eukaryoten

Déiereräich - Planzeräich - Protisten - Pilzeräich