Neuilly-sur-Seine ass eng franséisch Gemeng am Departement Hauts-de-Seine, an der Regioun Île-de-France.

Neuilly-sur-Seine
D'Märei

D'Märei
D'Märei
Land Frankräich
Regioun Île-de-France
Departement Hauts-de-Seine
Arrondissement Nanterre
Kanton Neuilly-sur-Seine
Postcode 92200
Gemengecode 92051
Koordinaten 48° 53’ 17’’ N
      02° 16’ 07’’ O
Fläch  373 ha
Bevëlkerung  60 361 (2017)

D'Gemeng ass 373 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 27 an 39 Meter. Se huet eppes iwwer 60.000 Awunner (2017).

Si grenzt am Osten an am Süden u Paräis, a läit um rietsen Uwänner vun der Seine. D'Achs vun de Champs Elysées iwwer den Arc de Triomphe bis hin op d'Défense geet queesch derduerch. Et ass eng vun den deierste Wunngéigenden a Frankräich.

Nopsschgemengen änneren

Rose des vents Courbevoie Levallois-Perret Rose des vents
Puteaux N
W    Neuilly-sur-Seine    O
S
Paräis (Bois de Boulogne) Paräis

Geschicht änneren

Zur Réimerzäit war do wou haut Neuilly ass, eng Fuert mat e puer Fëscherhaiser. Méi spéit war do e klengen Hafen, Lulliacum, Portum de Lulliaco (1222) oder Lugniacum (1224) genannt, dee sech dann iwwer Luny, Nully (1346) zu Neuilly entwécklt huet. D'Fuert gouf duerch Brécken ersat, an d'Duerf Villiers-la-Garenne ass no an no dermat verwuess.

D'Schlass vun Neuilly gouf zanter 1751 gebaut, et war dem Louis-Philippe seng Residenz tëscht 1830 an 1848.

1859 an 1864 goufe Stécker vun der Gemeng bei Paräis (quartier des Ternes), respektiv bei déi nei gegrënnt Gemeng Levallois-Perret geprafft.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren