Science Festival
De Science Festival ass e lëtzebuergesche Wëssenschaftsfestival deen am Kulturjoer 1995 entstanen ass an am Prinzip all zwee Joer stattfënnt. De Science Festival déngt dozou, Wëssenschaftskultur a wëssenschaftlech Fuerschung zu Lëtzebuerg virzestellen, z'ënnerstëtzen a weider ze dreiwen. Zanter dem Joer 2005 gëtt de Festival am Gronn organiséiert, an de Raimlechkeete vum Naturmusée a vun der Abtei Neimënster. De Science Festival gëtt ënnerstëtzt vum Kulturministère, vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung a vum nationale Fuerschungsfong.

Virstellung änneren
De Science Festival soll op eng einfach, verständlech a spilleresch Manéier d'Technik, d'Mathematik an Naturwëssenschaften de Kanner, Jugendlechen an natierlech och den Erwuessene méi no bréngen. Aus dem Staunen eraus an dem Virwëtz soll de Visiteuren d'Geheimnisser vun der Wëssenschaft an Technik interaktiv an nom Motto Hands-on Science virgestallt ginn.
An den eenzelen Ateliere kann d'ganz Famill wärend de Weekender, souwéi Schoulklassen a Gruppen op Umellung an der Woch spannend a faszinant Phenomeener mat hire fënnef Sënner entdecken oder bei verschidden Experimenter selwer assistéieren a mat fuerschen. An den eenzele Virféierungen an Ausstellunge kann de Visiteur sech vum neiste Stand vun der Technik iwwerzeegen a sech informéieren oder sech bei Konferenzen un Debatte bedeelegen.
Déi eenzel Aktivitéite gi vu Lycéeën, Universitéiten, Muséeën, Entreprisen a vun aneren nationalen an internationale Fuerschungsinstutitiounen organiséiert an duerchgefouert a stinn sou an enkem Kontakt mam Bierger.
Editiounen änneren
Editioun | Datum | Uert | Aktivitéiten | Visiteuren | Kontext, weider Infoen |
---|---|---|---|---|---|
1 - 1995 | 03.-12. Nov. | Victor-Hugo-Hal | 26 | 10.162 | Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 1995 Zesumme mat der Ausstellung Megabugs |
2 - 1997 | 08.-16. Nov. | Naturmusée | 13 | 5.622 | |
3 - 2000 | 10.-19. Nov. | Naturmusée & Helleg-Geescht-Plateau | 24 | 13.878 | Zousätzlech Science on wheels mat lëtzebuergesch an auslännesch Science-Bussen |
4 - 2003 | 03.-12. Nov. | Campus Geesseknäppchen, Uni Lëtzebuerg, verschidde Muséeën | 76 | > 25.000 | |
5 - 2005 | 22.-30. Okt. | Naturmusée & Abtei Neimënster | 46 | > 25.000 | Weltjoer vun der Physik (UNESCO) Austauschjoer tëscht dem Vollek vun der EU a Japan |
6 - 2007 | 22.-23. Sept. | Naturmusée & Abtei Neimënster | 55 | 7.500 | Spezialeditioun Zirkus vun der Wëssenschaft Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 2007 |
7 - 2009 | 12.-15. Nov. | Naturmusée & Abtei Neimënster | 50 | 11.000 | Internationaalt Joer vun der Astronomie (UNESCO) Darwin-Gedenkjoer 2009 |
8 - 2011 | 10.-13. Nov. | Naturmusée & Abtei Neimënster | Internationaalt Joer vun der Chimie (UNESCO) Faarwen (Expoen am Naturmusée an an der Abtei Neimënster) |
Um Spaweck änneren
- Websäit vum Science Festival (de) (en) (fr)
- Websäit vum Fonds national de la recherche
- Websäit vum Naturmusée