Joseph Kutter

lëtzebuergesche Moler

De Joseph Kutter, gebuer den 12. Dezember 1894 am Scheedgesbierg an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 2. Januar 1941, war ee vun de bedeitendste lëtzebuergesche Moler.

Joseph Kutter
Eegeportrait vun 1919
Gebuertsnumm Johann Ferdinand Kutter
Gebuer 12. Dezember 1894
Lëtzebuerg
Gestuerwen 2. Januar 1941
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Akademie der Bildenden Künste München,
Stater Kolléisch
Aktivitéit Moler, Kënschtler
Famill
Papp Paul Kutter
Geschwëster Édouard Kutter
Kanner Dolphe Kutter, Catherine Kutter

Hie war de Brudder vum Fotograf Édouard Kutter sen. an de Papp vum Cheemiker Dolphe Kutter.

Säi Liewen änneren

De Joseph Kutter ass an der Stad Lëtzebuerg opgewuess, wou en an de Kolléisch an an d'Handwierkerschoul goung, well een do zeechnen a mole léiere konnt. Vun 1911 bis 1914 huet hien op de Kunstgewerbeschulen vu Stroossbuerg a München studéiert, an 1916 zu Köln Glasmolerei. 1918 ass hien e puer Méint zu München op d'Akademie gaangen, an ass bis 1924 zu München bliwwen.

Wéi en 1924 zu Lëtzebuerg am Salon vum Cercle Artistique ausgestallt huet, krut en ze spieren, datt wéineg Versteesdemech fir säi kënschtleresch Talent do war. Zäit senges Liewens huet de Joseph Kutter drënner gelidden, datt e keng Unerkennung fonnt huet. Hien huet dann och 1927 mat aneren Artisten d'Sezessioun gegrënnt.

1929 huet hien eng Rees a Südfrankräich gemaach, wou hien d'Stied Cassis, Marseille an Toulon besicht huet. Dat Joer drop ass hien erëm a Südfrankräich gereest, ënner anerem op Cannes, Nice a Saint-Tropez.

Seng Biller charakteriséiere sech schonn am Ufank duerch éischter däischter Faarftéin, ginn dann, ënner dem Androck vum Paul Cézanne méi hell, dann, ënner dem Afloss vum Expressionismus, nees méi däischter. De Kutter huet Landschaftsbiller vu Venedeg, Saint Tropez a Calvi, an och Dierfer aus dem Éislek gemoolt. Hinnen entstréimt eng melancholesch Stëmmung; den Himmel oder den Hannergrond sinn däischtergréng oder schwaarz.

No den 1920er Joren huet hien nach just zwou Reesen an d'Ausland gemaach, nämlech an Holland (1934 op Amsterdam an 1939 op Enkhuizen); d'Biller, déi do entstane sinn, hunn e méi differenzéiert Faarwespill.

Bekannt sinn och seng Kannerportraiten a Portraite vun him selwer. Seng Selbstportraite loosse seng bannenzeg Onrou spieren. Eng Serie Biller vu Clownen, déi tëscht 1936 an 1937 entstinn, weise soss näischt wéi Niddergeschloenheet a Verzweiwelung.

De Joseph Kutter ass den 2. Januar 1941 am Alter vu 45 Joer an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen.

Galerie änneren

Unerkennung änneren

  • 1969 gouf e Monument zu senger Éier (Joseph-Kutter-Stèle) am Park zu Lëtzebuerg ageweit.
  •  
    Erënnerungsplack
    D'Post huet e puermol Käppercher als Undenken un de Joseph Kutter erausbruecht.
  • Um Lampertsbierg gouf eng Strooss no him genannt[1].
  • Op sengem Gebuertshaus am Scheedgesbierg (rue Wiltheim) gouf am Oktober 2017 vum Comité Alstad eng Erënnerungsplack opgehaangen[2].

Gielercher änneren

Kollektiounen änneren

  • Nationalmusée um Fëschmaart
    • Autoportrait, och Autoportrait à la chemise rouge, 1919
    • Nu couché, 1919
    • Venise, 1924
    • Le champion, 1932 (Prêt)
    • Suzanne, 1933 (Prêt)
    • Luxembourg, ëm 1936
  • Musée national d'art moderne - Centre Pompidou - zu Paräis
    • L'homme au doigt coupé, 1930

Ausstellungen änneren

Literatur änneren

  • Haag, Emil, 2011. Joseph Kutter *1894 1941 et Lucien Wercollier *1908 2002, les grands maîtres de l'art, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 376-385.
  • Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 18-19)
  • Jean Luc Koltz, Edmond Thill: Joseph Kutter, Lëtzebuerg, Éditions Saint Paul, 2008, 2. iwwerschafft an erweidert Oplo, e "catalogue raisonné de l'œuvre" mat 640 Reproduktioune vu Wierker an Illustratiounen am Text
  • Jean Luc Koltz, Fabienne Pietruk: Kutter et l'expressionnisme européen, Publications du Muséee national d'histoire et d'art, Lëtzebuerg, 2007 ISBN 978-2-87985-017-7
  • Frédéric Humbel, JK-La vie et l'œuvre de Joseph Kutter, Luxembourg, 1994.
  • Joseph-Émile Muller: "Joseph Kutter, der Maler der Melancholie", in: Voilà Luxembourg Nr. 4, Abrëll 1992, S. 24-33.

De Joseph-Émile Muller huet 1945, 1946, 1967 an 1981, am Ganze véier Monographien iwwer de Kutter erausginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Joseph Kutter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Evy Friedrich, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt ? an ons stad, 17/1984, S. 25
  2. Zum Gedenken an Joseph Kutter am Luxemburger Wort, 7. Oktober 2017, S. 32