Association des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur

(Virugeleet vu(n) APESS)
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'APESS, d'Association des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg[1], gouf de 14. November 1905 gegrënnt. Si ass déi eelst Enseignantsgewerkschaft zu Lëtzebuerg, politesch neutral an onofhängeg. Fir Member kënnen ze ginn, muss ee Professer sinn, am Proffestage sinn oder als Chargé d'éducation d'Konditiounen erfëllen, fir de Concours de recrutement fir an de Proffestage kënne matzemaachen.

Association des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg
Ofkierzung APESS
Zweck Gewerkschaft
Grënnungsdatum 14.11.1905
Sëtz 389, Route d'Arlon
L-8011 Stroossen
President Gilles Everling
Websäit www.apess.lu

Geschicht vun der APESS änneren

Zu dësem Kapitel kuckt ënner "Literatur", wou vun der Chronik vun der APESS rieds geet.

Aktuelle Verwaltungsrot (Comité exécutif) änneren

De Comité exécutif vun der APESS besteet zanter dem 14. Mäerz 2019 aus follgende Professeren:

Nieft dem Comité exécutif gëtt et de Comité central, an deem am Prinzip all Lycée mat engem Delegéierte vertrueden ass.

Éditions de l'APESS änneren

D'Éditions de l'APESS déi et zanter 1982 gëtt, goufe vum Carlo Felten (1946-2005), Professer am Lycée classique vun Dikrech, gegrënnt. Seng Iddi war et, de Membere vun der APESS e Forum ze ginn, wou si sech kéinte fräi ausdrécken. Dofir huet e fir d'éischt d'Joerbuch "Récré" op d'Bee gesat, déi zanter der Nummer 26 "Ausbléck-Récré" heescht (well et deemols och nach eng reng Gewerkschaftszeitung gouf, déi "Abléck" geheescht huet an haut duerch virtuell Newsletteren ersat ass). No an no koum et zu engem feste Redaktiounscomité.

Momentan besteet de Redaktiounscomité aus 5 Professeren, déi och Auteure sinn: Franck Colotte (President vum Comité), Georges Milmeister (Éierepresident), Roland Harsch (2020 zeréckgetrueden), Edouard M. Kayser a Paul Kintziger. D'Éditions de l'APESS ginn zanter 2010 vum Pascal Zeihen administréiert.

An den Éditions de l'APESS fënnt een haaptsächlech eng Rei praktesch Hëllefen (Cahiers pédagogiques) fir verschidde Coursen am Lycée, ënner anerem fir Däitsch, Franséisch a Mathematik op den ënneschte Klasse vum Enseignement secondaire.

Bis elo koume 14 Bicher eraus, vun deenen der dräi ("Tour de Frantz" vum Frank Wilhelm, "Federspiele" a "Laub und Nadel" vum Roland Harsch) eng zweet Oplo kruten.

Zanter hirer Grënnung hunn d'Éditions de l'APESS wäit iwwer 100.000 Bicher, Joresbicher a Léierhëllefe verkaaft.

Literatur änneren

  • Pierre Lech & Raymond Schaack, 100 ans - Chronique de l'APESS; Lëtzebuerg (Éditions de l'APESS), 2006.

De Pierre Lech, pensionéierte Professer vum Lycée classique d'Echternach huet dëst monumentaalt Wierk vu 525 Säite souzesoe ganz eleng gemaach. Et geet vun der "Ère héroïque des pères fondateurs (1902-1930)", iwwer "L'Association des Professeurs durant les crises avant, pendant et après la Seconde Guerre mondiale (1930-1955) bis zum Kapitel "L'Association des Professeurs de 1955 à 1980 face aux grandes réformes de l'enseignement secondaire" an dem leschten Deel mam Titel "L'APESS de 1980 à 2005 en proie aux mutations permanentes de l'enseignement secondaire". De Raymond Schaack erzielt ofschléissend am Kapitel "Du Kaffiskränzchen à la Grève, ou de l'Association des Professeurs à l'APESS" d'Haaptevenement vu senger Presidentschaft, dem éischte Streik vu Lëtzebuerger Staatsbeamte géint de Lëtzebuerger Staat.

Um Schluss vun der Chronik fënnt de Lieser all Presidenten a Sekretäre vun der APESS vun 1905 bis 2006.

  • APESS - Bulletin spécial 3/1980 "75e anniversaire" ; 39 Bäiträg; Lëtzebuerg (Éditeur: APESS; Drock: E. Faber, Gréiwemaacher), 1980; 260 Säiten.
  • 50ième Anniversaire de l'Association des Professeurs 1905-1955; 40 Bäiträg; Lëtzebuerg (Édition du Journal des Professeurs de l'Enseignement supérieur et secondaire; n° 42), 1955; 168 Säiten.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. am Handelsregëster agedroen als Association des Professeurs de l'Enseignement Secondaire et Supérieur du Grand-Duché de Luxembourg (APESS) (F4426) zanter dem 21. August 2006