Gäichel (Lëtzebuerg)

Lieu-dit an der Gemeng Habscht
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Lieu-dit. Fir deen an der Belsch, kuckt wgl. Gäichel (Belsch).

Gäichel ass e Lieu-dit an der Gemeng Habscht, op der Grenz mat der Belsch.

Gäichel
D'Nationale 8 an der Gäichel, a Richtung Norden. Lénks vun der Strooss läit d'Belsch
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Gaichel
de: Gaichel
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Habscht
Buergermeeschter Serge Hoffmann (CSV)
Koordinaten 49° 41’ 38’’ N
      05° 52’ 11’’ O

Nieft engem Hotelkomplex gëtt et an der Gäichel e puer vereenzelt Wunnhaiser an eng Pompelstatioun.

Geographie

änneren

D'Gäichel läit op enger Héicht vun 289 Meter op der N8, déi als Verlängerung vun der belscher N844 a Richtung Kräizerbuch viru leeft. Vun der N8 aus geet a Richtung Südosten den CR105 fort, deen op Äische féiert.

Potamologie

änneren

Um Flouer Aatz leeft d'Millebaach aus der Belsch an d'Lëtzebuerger Land, fir da laanscht d'Felleschmillen op Äischen ze lafen.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Gäichel (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien