Bënzert

Lieu-dit an der Gemeng Miersch

Bënzert ass e Lieu-dit an der Gemeng Miersch.

Bënzert
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Binzrath
de: Binzrath
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Miersch
Buergermeeschter Michel Malherbe (DP)
Koordinaten 49° 45’ 11’’ N
      06° 08’ 22’’ O
Bënzert, a Richtung Angelsbierg gekuckt.

Bënzert läit um CR118 zimmlech genee an der Mëtt tëscht Miersch an Angelsbierg. Bis an d'1960er Jore stoungen do just zwee Haiser, dat eent war e Bauerenhaus mat Ställ a Scheier, dat anert war e Privathaus an deem an den 1950er Joren eng Wiertschaft mat Wunneng war. Déi zwee Haiser louche Richtung Angelsbierg op der lénkser Säit. Op der rietser Säit gouf Mëtt der 1960er Jore vun enger Märeler Famill, dem fréiere Chef vun ELF-Lëtzebuerg a Proprietär vum zweeten Haus, een Haus gebaut dat si als Wochenenn- a Vakanzenhaus benotzt hunn. Vun der Strooss aus gesäit ee bis haut nëmmen den Dach vum Gebai. Ufanks der 1990er Jore gouf d'Bauerenhaus ofgerappt an déi Plaz gëtt haut als Splitter- a Sanddepot benotzt. Erhale blouwe just déi fréier Gaardemaueren.

Well d'Distanz tëscht Bënzert an den zwou Uertschafte Miersch an Angelsbierg ze grouss war, gouf et keen Uschloss un d'Waasserleitungsnetz an d'Bauerenhaus op d'mannst huet Waasser aus enger Quell aus dem Bësch dohanner mat engem einfache Rouersystem opgefaangen. Wéi déi Quell du kee Waasser méi geliwwert huet gouf beim Haus selwer eng ënnerierdesch Quell duerch ee vun Hand ausgehuewenen 12-Meter Pëtz ugezaapt. Aus uewegenannte Grënn gouf et am Bauerenhaus och keng sanitär Anlagen an et huet ee missen an de Gaart op e "Plumpshaische" goen.

Um Spaweck änneren

Commons: Bënzert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren