Napoleonsgaart um Potaschbierg

Lieu-dit an der Gemeng Gréiwemaacher

Den Napoleonsgaart um Potaschbierg ((fr) jardin Napoléon oder jardin du roi de Rome) ass en Hiwwel an e Lieu-dit um Potaschbierg an der lëtzebuergescher Gemeng Gréiwemaacher.

Napoleonsgaart um Potaschbierg
Schëld beim Napoleonsgaart
An anere Sproochen fr: Jardin Napoléon
Jardin du roi de Rome
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Gréiwemaacher
Buergermeeschter Monique Hermes (CSV)
Héicht 258 m
Koordinaten 49° 40’ 44.04’’ N
      6° 23’ 48.80’’ O
Trap fir an den Napoleonsgaart

Geographie änneren

Den Napoleonsgaart läit um Potaschbierg, op enger Héicht vu 258 m, nërdlech vun der N1, an der Mëtt vun der Opfaart fir op d'Autobunn A1 a Richtung Lëtzebuerg.

Geschicht änneren

D'Plaz krut hiren Numm zu Éiere vum Napoleon François Joseph Charles Bonaparte, dem eenzege Fils vum franséische Keeser Napoleon Bonaparte an der Marie-Louise vun Éisträich. No der Gebuert huet den Napoleon nämlech ugeuerdent, datt op der héchster Plaz an all Regioun iwwer déi hie regéiert huet, Beem – haaptsächlech Fiichten – ugeplanzt sollte ginn[1].

Dat erkläert och firwat et nach aner Plaze gëtt, déi esou genannt ginn. Ënnert anerem gëtt et nach en Napoleonsgaart an der Gemeng Rammerech.

Wéi an der Mëtt vun den 1980er Joren den Autobunnsverdeeler gebaut gouf, ass den Napoleonsgaart doranner integréiert ginn. Mëttlerweil ass aus dem „Gaart“ awer en ongefleegten, verwëlderte Bëschelche ginn.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Napoleonsgaart um Potaschbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. ITINERAIRE ET OBSERVATIONS. In: Monats-Berichte = Bulletins mensuels Société des naturalistes luxembourgeois (28.10.1932). Gekuckt de(n) 10.07.2021.