Leonhard-Euler-Teleskop

De Leonhard-Euler-Teleskop och Schwäizer-1,2-m-Leonhard-Euler-Teleskop oder kuerz Euler-Teleskop ass e Spigelteleskop mat 1,2 m Apertur vum Observatoire vu Genf um La-Silla-Observatoire vum Europäesche Südobservatoire am Chile.

Leonhard-Euler-Teleskop
Vir riets:Den Euler-Teleskop, am Hannergrond den ESO-3,6-m-Teleskop um Hiwwel
Typ Parabolspigel
Bedreiwer Universitéit vu Genf Schwäiz
Standplaz vun der Ariichtung La-Silla-Observatoire, Chile
Héicht 2400 m
A Betrib zanter 1998
Aart vu Fuerschung Exoplanéiten
Fachgebidder Astronomie, Planetologie
Aperatur 1,2 m
Koordinaten 29° 15’ 34’’ S 70° 43’ 59’’ W

Den Teleskop gëtt zanter senger Fäerdegstellung am Joer 1998 vun der Schwäizer Universitéit Genf bedriwwen.[1] Et gouf nom Mathematiker Leonhard Euler genannt.[2]

Zesumme mam belsche Mercatorteleskop vun der flämeschsproocheger Kathoulescher Universitéit Léiwen huet en zum Southern Sky Extrasolar Planet Search Programme gehéiert, dee vill extrasolar Planéiten entdecke konnt.[3]

Speziell dofir koum de CORALIE Echelle Spektrograph zum Asaz.[4] Den éischte Planéit war een aus dem Orbit vum Gliese 86,[4] e Planéit vun ongeféier 4 Jupitermassen an enger Ëmlafdauer vun ongeféier 15,8 Deeg. Duerno goufen nach en ettlech aner extrasolar Planéite mat deem Teleskop entweeder entdeckt oder ënnersicht.[5]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.ster.kuleuven.be/~katrienu/comparison.html
  2. http://www.eso.org/gallery/v/ESOPIA/LaSilla/phot-13c-00-hires.jpg.html
  3. http://obswww.unige.ch/~udry/planet/coralie.html
  4. 4,0 4,1 Archive copy Gearchiveerd op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2014-07-14.
  5. http://astro.berkeley.edu/~gmarcy/hd83443/pressrelease.html