Den MPG/ESO-2,2-m-Teleskop (engl. MPG/ESO 2.2 m Telescope) ass e Spigelteleskop vum ESO op enger Ritchey-Chrétien-Montéierung mat 2,2 Meter Apertur um La-Silla-Observatoire am Chile. Et gouf 1983 vun der Firma Zeiss gebaut, an ass zanter 1984 a Betrib. D'Max-Planck-Institut für Astronomie MPIA mat Sëtz zu Heidelberg, als Deel vun der Max-Planck-Gesellschaft MPG huet dem Europäesche Südobservatoire d'Teleskop op onbestëmmt Zäit geléint. D'Observatiounszäiten um Teleskop ginn tëscht MPIA an ESO opgedeelt, wärend de Betrib an den Ënnerhalt an der Verantwortung vun der ESO leien. Den Teleskop steet op enger Héicht vun 2.335 m.

Den Haaptspigel vum MPG/ESO-2,2-m-Teleskop bei oppener Kuppel

Instrumenter änneren

Dat optescht an Noinfrarout- Teleskop ass mat dräi Instrumenter ekipéiert:

  • Wide Field Imager
  • GROND, de Gamma-Ray Burst Optical/Near-Infrared Detector, mat deem een d'Gammablëtzer erfuerscht, déi warscheinlech energieräichst Energieausbréch am ganzen Universum
  • FEROS, en héichopléisende Spektrograph, fir detailléiert Studie vun de Stären

Observatiounen änneren

Am November 2010 gouf mat deem Teleskop den HIP 13044 b entdeckt, e jupiter-änleche Planéit, a fréiere Stär deen aus enger Zwerggalaxis staamt, déi vun eiser Heemechtgalaxis absorbéiert gouf.

Galerie änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie