NGC 3242
Den NGC 3242 (och als Jupitergeescht beschriwwen) ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Hydra.
Falschfaarwenduerstellung vun enger Observatioun mat Linnefilter vum Hubble-Weltraumteleskop: 658 nm (rout), 656 nm (gréng) an 502 nm (blo). | |
Stärebild |
Hydra (Hya) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 10h 24m 46s |
Deklinatioun | - 18° 38' 32"[1] |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | 7,7[2] mag |
Visuell Magnitude (B-Band) | 8,6 mag |
Wénkelduerchmiesser | 20.8[2] |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 2500[2] |
Routverrécklung | +0,000016 |
Radialvitess | +4,7 |
Geschicht | |
Entdecker | Wilhelm Herschel |
Entdeckungsdatum | 7. Februar 1785 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
CS | 12.0 |
GC | 2102 |
h | 3248 |
H | 4.27 |
NGC | 3242 |
ESO | 568-PN5 |
PK | 261+32.1 |
Den Niwwel setzt sech aus engem dichte Beräich mat engem Duerchmiesser vu 16 × 24 Bousekonnen an engem visuell liichtschwaache Mantel vu 40 × 35 Bousekonne Duerchmiesser zesummen. Well dee Mantel am Teleskop bal déi selwecht Ausdeenung wéi de Planéit Jupiter huet, gëtt hien och als Geescht vum Jupiter (engl: Ghost of Jupiter) bezeechent. Déi visuell Magnitude vum visuellen Niwwel ass 7,7 mag.
Fotoe weisen allerdéngs, datt den Niwwel mat 20,8 Bouminutte méi grouss ass (am Verglach: den Äerdmound huet vun der Äerd aus gesinn en Duerchmiesser vu ronn 30 Bouminutten).
Am Zentrum vum Niwwel ass e Wäissen Zwergstär mat enger visueller Hellegkeet vun 12,1 mag. Seng Distanz zu der Sonn konnt bis elo net eendeiteg bestëmmt ginn, gëtt awer meeschtens mat 2.500 Liichtjoer uginn. Eng aner Schätzung geet dogéint vun enger Distanz vu 1.400 Liichtjoer aus.
Den Niwwel gouf de 7. Februar 1785 vum Wilhelm Herschel entdeckt, an als H 4.27 katalogiséiert. De John Herschel huet en ëm 1830 vum Kap vun der Gudder Hoffnung aus observéiert an huet en 1864 als GC 2102 an de General Catalogue opgeholl. Am Dreyer sengem New General Catalogue vun 1888 krut den Niwwel d'Nummer NGC 3242.
-
Falschfaarwenduerstellung fir d'Ervirhiewe vun der raimlecher Verdeelung vu verschiddene cheemeschen Elementer,
-
RGB-Foto mat engem 80 cm-Teleskop
-
Foto am mëttleren Infrarout, Spitzer-Weltraumteleskop
-
UV-Foto vum GALEX, eng Gasstruktur ronderëm gëtt siichtbar.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: NGC 3242 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Ghost of Jupiter, NGC 3242 Hochaufgelöste Aufnahmen des 4m-Mayall-Teleskops