NGC-507-Grupp

Galaxiëkoup

D'NGC-507-Grupp ass e Galaxiëkoup, a läit op enger Distanz vun 200 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Den Numm leet sech vu sengem gréisste Member of, der elliptescher Galaxis NGC 507.

Entdeckungsgeschicht änneren

D'Galaxis NGC 507 gouf schonn den 12. September 1784 vum däitsch-britteschen Astronom Friedrich Wilhelm Herschel zesumme mat dem NGC 495, NGC 496, NGC-499 an dem NGC 508 entdeckt. Een Dag méi spéit sinn den NGC 515 an den NGC 517 gefollegt. Dem Herschel säi Jong, den John Herschel huet den NGC 483, NGC 494 an den NGC 504 am November vum Joer 1827 entdeckt. De William Parsons entdeckt am Joer 1856 den NGC 501 an den Heinrich Ludwig d'Arrest entdeckt am Joer 1863 den NGC 503. De franséischen Astronom Stéphane Javelle entdeckt all IC-Objeten am Joer 1899 bei Observatioune vum 29. November bis den 2. Dezember. Domat waren déi meescht Membere vun deem Galaxiëkoup bis zum Enn vum 19. Joerhonnert schonn als niwweleg Objete bekannt.

Morphologie änneren

De WBL-Katalog lëscht 22 Membere vun der NGC-507-Grupp op, déi all am Stärebild Pisces (Fësch) stinn. D'Zentrum vum Galaxiëkoup gëtt vum NGC 507 a vum NGC 508 (och als Arp 229 bekannt) gebilt, déi ronn 3 Millioune Liichtjoer vuneneen ewech leien, eng vergläichbar Distanz wéi déi vun der Andromedagalaxis zu eiser Mëllechstrooss. Déi ganz Gréisst vum Koup ass ongeféier 3 × 32 Bouminutten an huet eng Déift vu ronn 83 Millioune Liichtjoer. D'Grupp vergréissert hir Distanz zu der Mëllechstrooss mat enger Vitess vun tëscht 4000 bis 6000 Kilometer pro Sekonn.

D'NGC-507-Grupp ass zesumme mat der NGC-383-Grupp eng Ënnergrupp vum Pisces-Galaxiëkoup, dee mat dem Perseuskoup en Deel vum Perseus-Pisces-Superkoup ass.

Galaxien an der NGC-507-Grupp änneren

Membere vun der NGC-507-Grupp
Numm[1] Aner
Bezeechnunge[1]
Typ[1][2] Rekt. (J2000.0)[3] Dekl. (J2000.0)[3] Distanz
zu der Sonn
(Millioune Lj)[1]
Hellegk.
m
[2]
Rout-
verrécklung

(km/s)[3]
Visuellen
Duerchmiesser
[3]
Entdecker
IC 1679 WBL 038-002 S 01h 21m 45s +33°29'36" 220 +14,8 +5269 ± 42 0,59' × 0,49' Javelle
IC 1680 WBL 038-003 S0 01h 21m 51s +33°16'57" 183 +14,4 +4430 ± 42 0,69' × 0,56' Javelle
IC 1682 WBL 038-005 S? 01h 22m13s +33°15'38" 178 +13,6 +4391 ± 25 0,85' × 0,4' Javelle
IC 1687 WBL 038-011 E3 01h 23m 19s +33°16'39" 208 +13,7 +4918 ± 110 0,68' × 0,49' Javelle
IC 1689 WBL 038-017 S0? LINER 01h 23m 48s +33°03'19" 188 +13,8 +4523 ± 11 0,63' × 0,41' Javelle
IC 1690 WBL 038-018 S0 01h 23m 50s +33°09'23" 191 +14,4 +4529 ± 38 0,5' × 0,3' Javelle
IC 1692 WBL 038-020 E 01h 24m 40s +33°14'07" 230 +14,6 +5499 ± 35 0,5' × 0,36' Javelle
NGC 483 WBL 038-004 S? 01h 21m 56s +33°31'16" 192 +13,2 +4628 ± 21 0,85' × 0,79' Herschel J.
NGC 494 WBL 038-007 S? 01h 22m55s +33°10'26" 227 +13,0 +5462 ± 20 2,24' × 0,93' Herschel J.
NGC 495 WBL 038-008 (R')SB(s)0/a pec 01h 22m56s +33°28'17" 169 +13,0 +4073 ± 22 1,12' × 0,78' Herschel W.
NGC 496 WBL 038-010 Sbc 01h 23m 12s +33°31'39" 250 +13,4 +5952 ± 12 1,35' × 0,6' Herschel W.
NGC 499 WBL 038-009 S0- 01h 23m 12s +33°27'38" 181 +12,2 +4335 ± 27 1,66' × 1,15' Herschel W.
NGC 501 WBL 038-012 E0 01h 23m 22s +33°25'59" 207 +14,5 +4924 ± 68 0,52' × 0,49' Parsons W.
NGC 503 WBL 038-014 E? 01h 23m 28s +33°19'54" 247 +14,1 +5862 ± 21 0,63' × 0,49' d'Arrest
NGC 504 WBL 038-013 S0 01h 23m 28s +33°12'16" 174 +13,0 +4196 ± 81 1,62' × 0,42' Herschel J.
NGC 507 WBL 038-015 SA(r)0^0^;BrClG 01h 23m 40s +33°15'22" 227 +11,3 +4934 ± 7 3,98' × 3,98' Herschel W.
NGC 508 WBL 038-016 E0: 01h 23m 41s +33°16'50" 230 +13,1 +5451 ± 21 1,45' × 1,45' Herschel W.
NGC 515 WBL 038-021 S0 01h 24m 39s +33°28'22" 211 +13,1 +5053 ± 21 1,02' × 0,76' Herschel W.
NGC 517 WBL 038-022 S0 01h 24m 44s +33°25'47" 173 +12,5 +4169 ± 58 1,66' × 0,76' Herschel W.
PGC 4936 WBL 038-001, CGCG 502-47 01h 21m 35s +33°35'59" 184 +15,5 +4437 ± 30 0,69' × 0,49'
PGC 5129 WBL 038-019, Ark 39 S? 01h 23m 59s +33°18'48" 227 +15,0 +4983 ± 30 0,54' × 0,43'
CGCG 502-55 WBL 038-006 01h 22m34s +33°06'10" 252 +15,7 +6175 ± 52 0,55' × 0,46'

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 NASA/IPAC Extragalactic Database (NED)
  2. 2,0 2,1 Students for the Exploration and Development of Space
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 SIMBAD-Datenbank