Ministère de la Digitalisation
De Ministère fir Digitaliséierung (fr: Ministère de la Digitalisation, gekierzt MinDigital) zu Lëtzebuerg, ass e Ministère deen am Kader vum Regierungsprogramm vun der Regierung Bettel-Kersch-Bausch den 11. Dezember 2018 an d'Liewe geruff gouf fir d'Digitaliséierung an de Mëttelpunkt ze stellen.
Ministère de la Digitalisation | |
---|---|
Ministère fir Digitaliséierung | |
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Stéphanie Obertin |
Verwaltungssëtz | Hôtel de Bourgogne (Stad Lëtzebuerg) |
Adress | 4, rue de la Congrégation L-1352 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Gegrënnt | 11. Dezember 2018 |
Um Spaweck | https://MinDigital.gouvernement.lu/ |
De Ministère këmmert sech drëm fir déi allgemeng technesch Entwécklung an de Beräicher, déi fir eis Ekonomie wichteg sinn, virun ze dreiwen a fir nei Strategien z'entwéckelen, déi eist Land no vir bréngen. Doriwwer eraus soll en och den Alldag vereinfachen andeems déi eenzel administrativ Prozesser verbessert ginn. E groussen Deel vun den Aktivitéite vum Ministère ass fir d'Liewe vun de Leit ze vereinfachen.
Allgemenges
ännerenDe Ministère fir Digitaliséierung setzt a verschiddene vu senge Projeten op eng Approche, déi „oppen Innovatioun“ ((en) Open Innovation) genannt gëtt, déi gewéinlech definéiert gëtt als „bewosst Agäng an Ausgäng vu Kenntnisser fir d'intern Innovatioun ze beschleunegen“. Eng oppen Innovatioun steet also am Géigesaz zu engem zouenen Innovatiounsprozess. D'Entwécklung vun der Digitaliséierung an d'digital Revolutioun an der Gesellschaft hunn d'Verhältnesser tëschent dem Staat, de Bierger a de Betriber staark verännert. Duerch e generaliséierten Internetzougang hunn s'e stännegen an direkten Uschloss un d'digital Servicer vum Staat.
D'Zil vum Ministère ass et op de Wee vun engem Digital Government ze kommen, esou wéi et vun den internationalen Instanze recommandéiert gëtt. Et leet den Accent dowéinst op dës véier Haaptpunkten:
- Weiderentwécklung vum eGovernment,
- Virubrénge vun der Verwaltungsreform,
- Promotioun vun der digitaler Inclusioun,
- Integratioun vun neien Technologien.
Kompetenz vum Ministère
ännerenD'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Ministère fir Digitaliséierung falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
- Héije Kommitee vun der digitaler Transformatioun
- Zenter vun den Informatiounstechnologie vum Staat
- Elektronesch Rechnung zu Lëtzebuerg
- Gestioun vum Konferenzzentrum vun der Regierung am Sennenger Schlass.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Ministère de la Digitalisation – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.