RTL Group

international Medienentreprise mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) CLT)

D'RTL Group ass déi gréisst europäesch Entreprise déi privat Radios- an Televisiounsprogrammer bedreift. Si ënnerhält 57 Televisiounssenderen an 31 Radiosstatiounen. Och an der Produktioun vun Televisiounsprogrammer (8.000 Programmstonnen am Joer) an am Handel mat Programmrechter (19.000 Programmstonne fir 150 Länner) ass si aktiv.

RTL Group

D'RTL Group ass 2000 aus der Fusioun vun der CLT-UFA mat der brittescher Gesellschaft Pearson TV entstanen. D'Bertelsmann AG huet déi grouss Majoritéit vun de Parten.

D'RTL Group huet hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg, um Kierchbierg.

Geschicht

änneren

D'Urgroussmamm vum RTL Group ass d'Compagnie Luxembourgeoise de Radiodiffusion (CLR), déi 1931 zu Lëtzebuerg gegrënnt gi war. Déi krut eng Konzessioun vum Lëtzebuerger Staat, fir Radiosemissiounen auszestralen, an huet dat ënner dem Numm "Radio Luxembourg" gemaach.

Am Dezember 1933 huet Radio Lëtzebuerg mat engem engleschsproochege Service ugefaangen, an dat mat dem stäerkste Laangwelle-Sender an Europa. Den Englänner Stephen Williams huet d'Emissioune moderéiert grad ewéi administréiert. Sonndes, wa vun der BBC méi eescht a reliéis Sendungen ausgestraalt goufen, huet ronn d'Hallschent vun den engleschen Auditeuren dann op Radio Lëtzebuerg ëmgeschalt. Well et der BBC net erlaabt war Reklammen ze senden, gouf dëst vu Radio Lëtzebuerg gemaacht, soudatt RTL ee vun den éischte „kommerzielle Radiossendere“ war[1].

Wéi den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, huet Radio Lëtzebuerg zougemaach. Am Krich (1940-1944/45) war de Radiossender mat deene vun Nazi-Däitschland gläichgeschalt, mä soubal d'Besatzer fort waren, gouf de Sender vun den Alliéierte benotzt, fir, an däitscher Sprooch, dem "Reichsfunk" eng Géigestëmm entgéint ze setzen.[2]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sender 1212.

Nom Krich gouf no an no den normale Betrib an däitscher, franséischer an englescher Sprooch erëm opgeholl an ausgebaut. Um englesche Sender war och de Stephen Williams nees derbäi, bis hien de Sender 1948 verlooss huet[1]. Den 23. Januar 1955 gouf domat ugefaangen, en Televisounsprogramm a franséischer Sprooch auszestralen (ufanks Télé Luxembourg genannt), nodeem d'CLR sech 1954 an CLT (Compagnie Luxembourgeoise de Télédiffusion) ëmbenannt hat.

1958 gouf op UKW och eng Radiosemissioun op Lëtzebuergesch ausgestraalt, am Ufank just zu den Haaptnolauschterzäite moies, mëttes a fréi owes. An de Joren duerno ass se no an no zu engem Vollprogramm ausgebaut ginn, deen haut ënner dem Numm RTL Radio Lëtzebuerg leeft.

D'1960er an 1970er Jore waren den Héichpunkt vun de Radiosprogrammer vun der CLT: Radio Luxembourg op Englesch (iwwer Mëttel- a Kuerzwell) hat Millioune vun Nolauschterer a Groussbritannien an an der ganzer Welt. De franséische Radiosprogramm RTL (bis an d'1980er Joren ausschliisslech vu Lëtzebuerg aus iwwer Laangwell ausgestraalt) ass bis haut dee meeschtgelauschterte Radio a Frankräich. An Däitschland haten d'Fröhliche Wellen von Radio Luxemburg Milliounen trei Nolauschterer. Ee Grond vun hirem Succès war, datt d'Programmer vun RTL net dréche vum Blat ofgelies goufen, mä d'Speaker fräi konnte schwätzen. Den Nolauschterer ass mat agebonne ginn; et konnt een uruffen, fir bei Spiller eppes ze gewannen, et gouf sprëtzeg Jinglen, asw. Haut huet een dat iwwerall, mä deemools war RTL ee vun den eenzegen, déi dat gemaach hunn.

An den 1980er Jore goufen an Europa déi audiovisuell Mäert dereguléiert, Privatprogrammer goufen zougelooss. Dat huet et der CLT erlaabt, nei Marchéen an Däitschland, Frankräich, der Belsch, Holland, Groussbritannien, Schweden, Polen, Ungarn, an Éisträich ze fannen. Dat huet awer och mat sech bruecht, datt d'Programmer net méi hu misse vu Lëtzebuerg aus ausgestraalt ginn. Och huet sech, wat den Ëmsaz betrëfft, d'Gewiicht ëmmer méi vun de Radios- op d'Televisiounsprogrammer verlagert. 1991 war RTL Television (déi als RTL plus den 2. Januar 1984 zu Lëtzebuerg ugefaangen hat an ë. a. vum Gust Graas gegrënnt gi war) fir d'éischt Leader um däitschen Televisiounsmaart.

Den 30. Dezember 1991 huet den engleschsproochege Service opgehalen op Mëttelwell ze senden an e Joer duerno, em Hallefnuecht den 30. Dezember 1992 gouf och de Satellitten- a Kuerzwelleservice zougemaach[1].

1997 huet d'CLT mat der UFA, enger Duechtergesellschaft vun der Bertelsmann Grupp, déi virun allem an Däitschland mat der Produktioun vun Televisounsprogrammer an dem Handel mat audiovisuelle Rechter aktiv war, zu der CLT-UFA fusionéiert. 2000 huet d'CLT-UFA mat der brittescher Pearson TV fusionéiert an nennt sech zanterhier RTL Group. Am Februar 2001 huet d'Bertelsmann AG duerch en Aktientausch mat der belscher Group Bruxelles-Lambert (GBL) d'Majoritéit vu 67 Prozent Bedeelegung un der RTL Group iwwerholl. 2002 koumen 22 Prozent vu Pearson no. Bertelsmann huet haut 90,2 % vun de Parten (dovu si 37 % am Besëtz vu BW TV, enger Holding, déi zu 80 % Bertelsmann an zu 20 % der WAZ gehéiert).

2021 huet a Frankräich d'Televisiounschaîne M6 mat TF1 fusionnéiert, an an der Belsch goufen d'Undeeler vun RTL Belgium (déi d'Teleesprogrammer RTL-TVI, Plug RTL a Club RTL, an och d'Radiosendere Bel RTL, Radio Contact a Mint bedreift) fir 250 Milliounen Euro un DPG Media an de Groupe Rossel verkaaft.[3]

Enn 2023 huet d'RTL Group bekannt gemaach, am Laf vun 2024 RTL Nederland mat senge sëllege Senderen (RTL4, RTL5, RTL7, RTL8, RTLZ, sou wéi och d'Pay-TV-Senderen RTL Lounge, RTL Crime an RTL Telekids) fir 1,1 Milliard Euro un DPG Media ze verkafen. Déi zwéi Gruppe behalen awer weiderhin eng strategesch Partnerschaft, wat d'Technologie, Publicitéitsmarketing a Content betrëfft. Ausserdeem soll DPG Media bis op d'mannst 2034 d'Mark "RTL" an Holland viru benotze kënnen.[4]

De Jean-Louis Schiltz ass President vum Verwaltungsrot vun der CLT-UFA.[5] De Claude Schmit ass Generaldirekter vu Super RTL.

Haaptdonnéeën

änneren
  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
  • Siège
    RTL Group SA
    43, bd. Pierre Frieden
    L-1543 Lëtzebuerg
  • Mataarbechter: 9.191 (Stand: 31.12.2008)
  • EBITA: 1,152 Milliard € (Geschäftsjoer 2013)
  • Nettogewënn: 948 Milliounen € (Geschäftsjoer 2013)
  • Ëmsaz no Aktivitéiten (2003):
    • Televisioun: 70,7 %
    • Content: 22,9 %
    • Radio: 5,5 %
    • Nei Medien/Soss 0,9 %
  • Ëmsaz no Regiounen:
    • Däitschland: 45,6 %
    • soss Europa: 48,6 %,
    • USA: 3,8 %
    • aner Länner: 2,0 %
  • Leedung:
    • Guillaume de Posch (Co-Chief Executive Officer)
    • Anke Schäferkordt (Co-Chief Executive Officer)
    • Elmar Heggen (Chief Financial Officer)

Bedeelegunge vun der RTL Group

änneren

(2016, Auswiel)

Televisioun

änneren

Däitschland

änneren

Frankräich

änneren

Holland

änneren

Bis 2024 hu follgend Senderen, via eng 73 % Bedeelegung an RTL Nederland, zu der RTL Group gehéiert. Si ginn am Laf vum Joer un DPG Media verkaaft.[6]

Lëtzebuerg

änneren

Spuenien

änneren

Kroatien

änneren

Russland

änneren

Zesumme mat CBS Studios International bedereift d'RTL Group an Asien den RTL CBS Asia Entertainment Network mat den engleschsproochege Chaînen RTL CBS Entertainment an RTL CBS Extreme.[7]

Inhalter

änneren

(Televisiounsproduktioun an Handel mat Diffusiounsrechter)

Zu der RTL Group gehéieren och eng Rëtsch Produktiounsfirmen an Europa, Amerika an an Australien. wourënner:[8]

Do derbäi kënnt nach d'Noriichteplattform ENEX (Lëtzebuerg, 76,4 %).

Senderen zu Lëtzebuerg

änneren

Literatur

änneren
  • David Dominguez Muller, 2007. Radio-Luxembourg. Histoire d'un média privé d'envergure européenne. L'Harmattan.
  • Marc Limpach, 2020. Der "Sender Luxemburg" während der NS-Besatzung (1940-1944). - les cahiers luxembourgeois 2 (2020): 59-91

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 Quell vun dësem Abschnitt: John Marshall, 2018, #LuxUKLinks: Luxembourg - United Kingdom Links; LuxUKLinks 7; British Embassy & Les Amis de l'Histoire, erausgi vum Jean-Claude Muller, ISBN 978-2-919884-56-8
  2. Marc Limpach: "Der 'Sender Luxemburg' während der NS-Besatzung (1940-1944." Les cahiers luxembourgeois Nr. 2/2020, S.-.
  3. "RTL Group vend son activité en Belgique." lessentiel.lu, 28 juin 2021.
  4. "RTL-Gruppe verkauft niederländisches Geschäft." wort.lu, 15.12.2023.
  5. http://www.rtlgroup.com/www/htm/operationsothers_E80A749F1ECA4B1B932D0DA748F31E0C.aspx
  6. "RTL-Gruppe verkauft niederländisches Geschäft." wort.lu, 15.12.2023.
  7. RTL Group
  8. Über uns mediengruppe-rtl.de