Lycaena helle
De Lycaena helle ass eng Päiperleksaart aus der Famill vun de Lycaenidae, der Ënnerfamill vun de Lycaeninae an der Gattung Lycaena.
Lycaena helle | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Lycaena helle, männlech | |||||||||||||||
Aner Sproochen: | (de) Blauschillernder Feuerfalter, (fr) Cuivré de la bistorte | ||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Lycaena helle (Denis & Schiffermüller, 1775) |
Op Lëtzebuergesch gëtt e Bloschillernde Feierfalter genannt[1], op Däitsch Blauschillernder Feuerfalter, op Franséisch Cuivré de la bistorte an op Englesch Violet copper.
Beschreiwung
ännerenDe Falter huet eng Spanwäit vun 22-26 mm.[2] Op der Uewersäit ass de viischte Flillek orange mat däischterbronger Zeechnung an deen hënneschte Flillek däischterbrong mat orangem Bord. Säin däitschen Numm huet e vun der mof-bloer Faarf, déi op der ieweschter Säit vun de Flilleke bei de Männercher bal déi gesamt Fläch iwwerzitt, bei de Weibercher awer just vereenzelt Flecke bilt. Op der Ënnersäit sinn déi viischt Flilleken orange mat schwaarze Flecken an déi hënnescht gro mat schwaarzen an orangë Flecken.
Habitat a Verbreedung
ännerenDe Lycaena helle kënnt a bléieräiche Fiichtwise mat Bistorta officinalis vir a säi geographescht Verbreedungsgebitt geet vu Mëttel- an Nordeuropa Richtung Oste weider iwwer Westrussland, Sibirien an d'Mongolei bis bei de Floss Amur. D'Fluchzäit ass zu Lëtzebuerg vun Ufank Mee bis Enn Juni[3], am Allgemenge ka se jee no Héicht a geographescher Breet vun der Regioun tëscht Mee a Juli leien. Seng Raupen erniere sech a Mëtteleuropa haaptsächlech vu Bistorta officinalis ssp. officinalis an a Skandinavien och vu Bistorta viviparum. D'Aart iwwerwantert als Popp.[4]
Lycaena helle zu Lëtzebuerg
ännerenZu Lëtzebuerg kënnt de Lycaena helle just am Éislek vir.[5] E war eng vun den Zilaarte vum Projet „LIFE Eislek“, dee vun 2012 bis 2017 gelaf ass a bei deem et drëms gaangen ass dem Réckgang vun de Fiichtwisen an de Lëtzebuerger Ardennen entgéintzewierken.[6],[7] Nom Ofschloss vum Projet goufen d'Moossname fir de Schutz an den Erhalt vum Lycaena helle a sengem Liewensraum am „Aktiounsplan Lycaena Helle“ weidergefouert.[8]
D'Aart ass an den Annexen II a IV vun der Flora-Fauna-Habitat-Direktiv vun der EU opgelëscht an domat streng geschützt.[9]
Literatur
änneren- Habel, J., M. Meyer & T. Schmitt (eds), 2014: Jewels in the Mist. A synopsis on the highly endangered butterfly species the Violet Copper, Lycaena helle. Pensoft Publishers, 235 S.
Um Spaweck
ännerenCommons: Lycaena helle – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Lepiforum e. V. Taxonomie a Fotoen
Referenzen
änneren- ↑ Mestdagh X., L'Hoste L. & Titeux N. (editors) 2024. - Butterflies in Luxembourg: distribution, trends and conservation. Ferrantia 90, Musée national d'histoire naturelle, Luxembourg, 287 p. PDF (en)
- ↑ Jean-Pierre Moussus, Thibault Lorin, Alan Cooper: Guide pratique des papillons de jour. Delachaux et Niestlé, Paräis 2022, ISBN 978-2-603-02915-2, S. 209.
- ↑ https://life-eislek.eu/blauschillernder-feuerfalter-lycaena-helle/ Beschreiwung vum Lycaena helle op der Säit vu LIFE Eislek; opgeruff den 03.03.2024.
- ↑ Tom Tolman, Richard Lewington: Die Tagfalter Europas und Nordwestafrikas. 2. Oplo, Franckh-Kosmos, Stuttgart 2012, ISBN 978-3-440-12868-8, S. 92.
- ↑ natur&ëmwelt a.s.b.l. (Ed.): E Bléck an eis Natur vun A-Z, 1. Oplo, Éditions Guy Binsfeld 2020, ISBN 978-2-9199511-3-0, S. 62f
- ↑ https://www.naturemwelt.lu/de/project/life-eislek/ Beschreiwung vum Projet „LIFE Eislek“ op der Internetsäit vun natur&ëmwelt; opgeruff den 03.03.2024.
- ↑ https://life-eislek.eu/ Internetsäit vum Projet „LIFE Eislek“
- ↑ https://www.naturemwelt.lu/de/project/aktionsplan-lycaena-helle/ Beschreiwung vum „Aktionsplan Lycaena Helle“ op der Internetsäit vun natur&ëmwelt; opgeruff den 03.03.2024.
- ↑ https://eur-lex.europa.eu/legal-content/DE/TXT/?uri=CELEX%3A01992L0043-20130701 Consolidéierten Text vun der Direktiv 92/43/CEE; opgeruff den 03.03.2024.