Päiperleken
Päiperleken (Lepidoptera) sinn eng Uerdnung vun Insekten, déi aus 46 Iwwerfamillen, ronn 130 Famillen a ronn 160.000 beschriwwenen Aarte bestinn (Stand: 2011). No de Kiewerleken (Coleoptera) ass et déi Insektenuerdnung mat deene meeschten Aarten.
Päiperleken | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
en Dagpohunnsa | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Lepidoptera Linnaeus 1758. | |||||||||||||||
Ënneruerdnungen | |||||||||||||||
Aglossata |
Ausser an der Antarktik gëtt et Päiperleken op alle Kontinenter. A Mëtteleuropa gëtt et eng 4.000 Aarten, a ganz Europa sinn et der iwwer 10.600.
„Päiperlek“ ass den Numm vun der erwuessener Form vum Déier. Am Larvenzoustand gi se „Raup“ genannt.
Sproochleches
ännerenDe wëssenschaftlechen Numm „Lepidoptera“ kënnt vum algriichesche λεπίς lepís – am Genitiv λεπίδος lepídos – wat „Schupp“ heescht, a πτερόν pterón, wat „Flillek“ heescht.
Am Lëtzebuergesche gouf a gëtt zum Deel nach eng Abberzuel Varianten a lokal Bezeechnunge fir de Päiperlek: Pappeljong (Rodange), Päipel (Méischtref, Colmer, Schous asw.), Päipeler (Grousssbous), Päipelchen (Habscht), Päipeldéier (Gréiwemaacher, Trënteng), Päipelhong, Päipelpapel, Päipampel (Esch-Uelz., Bartreng, Holzem, Garnech, Lampech), Päipompel, Päipléng (Ga), Päiperlek, Päiperlénk, -léng, Paiperlek (Lëtz.-Stad), Paipernell (Dikrech), Päperell, Päiplek (Habscht), Päipléng, Päiplénk (Klierf), Päpampel (Dippech), Päipëmpel, Päinapel, Peenapel (Käerch), Pädéier, Päpeldéier (Stroossen), Päipameel (Rëmleng), Pëmpernell, Pëmpeipel, Pëpperell, Päpperell, Pimpampel (Bartreng, Mamer, Diddeleng), Pimplam (Ëlwen), Pippel (Norde vum Eislek), Pipper, Pléipeplap, Bläipeplap, Pléiper (-plap) (Veianen), Plimplomp, Plimplam, Prebleng (Ëlwen), Pripel (Boxer), Féipeler (Groussbus), Fléif(l)ank, Flingflang, Flëntermaus, Flëtter (Rammerech), Flippflapp (Pëtschent), Flippert (Kauneref), Flibbor, Flippflapp — Mëllerdittchen (Wuermer), Mëllerdippchen (Bilsdref), Mëllerek (Äischen), Mëllerchen (Biekerech), Millermoaler (Iechternach, Wolz), Millerdéck (Wanseler), Millerdapp (Bondorf), Millrendapp, Milleflippert, Miller (Siwenaler), Millack (Aasselbuer), Milor (Esch-Sauer, Gréiwels, Buerschent)[1]
Päiperleken zu Lëtzebuerg
ännerenBedroung
ännerenPäiperleke gehéieren zu den Insekten, déi an de leschte Joerzéngte staark réckgängeg sinn an domat op prominenter Plaz an de Roude Lëschte vertruede sinn.[2] Den Insektesammler Pierre Croisé aus dem Stadgronn huet schonn 1915 drop higewisen, wéi rar d'„Bläulinge“ (Lycaenidae) gi waren, wéinst dem d'Verschwanne vu Biotopen, besonnesch duerch Opforstung vu Wisendällte mat Nolebeem: „... dahin das schimmernde und das eitel funkelnde Völkchen der Lycaeniden!“.[3] Lescht Populatioune vun Lycaena helle konnten an den 1990er Joren ënnersicht ginn.[4]
Literatur
änneren- Croisé, P., 1915. Der Schmetterlingsfang am frühen Morgen. Bull. Soc. Nat. luxemb. 25,1: 268-280. PDF 504 KB
- Habel, J., M. Meyer & T. Schmitt (eds), 2014: Jewels in the Mist. A synopsis on the highly endangered butterfly species the Violet Copper, Lycaena helle. Pensoft Publishers, 235 S.
- Hellers, M., 2016. Die Kleinschmetterlinge Luxemburgs: die Familien Micropterigidae, Eriocraniidae, Opostegidae, Heliozelidae, Adelidae, Prodoxidae, Incurvariidae, Tischeriidae und Tineidae. Bull. Soc. Nat. luxemb. 118: 111-129. PDF 3,37 MB
- Hellers, M., 2017. Die Kleinschmetterlinge Luxemburgs: die Familien Roeslerstammiidae, Douglasiidae, Bucculatricidae und Gracillariidae (Lepidoptera: Gracillarioidea). Bull. Soc. Nat. luxemb. 119: 129-144. PDF 5,21 MB
- Hellers, M., 2018. Die Kleinschmetterlinge Luxemburgs: Die Familie der Palpenmotten (Microlepidoptera, Gelechiidae). Bull. Soc. Nat. luxemb. 120: 139-155. PDF 6,33 MB
- Hellers, M., 2019. Die Kleinschmetterlinge Luxemburgs: die Familien Yponomeutidae, Ypsolophidae, Plutellidae, Glyphipterigidae, Argyresthiidae, Lyonetiidae, Prayidae, Scythropiidae und Ethmiidae (Insecta, Lepidoptera). Bull. Soc. Nat. luxemb. 121: 153-168. PDF 6,79 MB
- Meyer, M. & A. Pelles, 1981. Rote Liste der Schmetterlinge Luxemburgs. Bull. Soc. Nat. luxemb. 83-84: 41-52. PDF 409 KB
- Meyer, M. & T. Helminger, 1994. Untersuchungen zu einer Population von Lycaena helle arduinnae Meyer, 1980 im nordwestlichen Ösling. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 95, S. 315-326. PDF 509 KB
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Päiperleken – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Luxemburger Wörterbuch Bd. 3, Sp. 333b bis 335a: "Päipel bis Pällembiereg".
- ↑ Cf. Meyer & Pelles 1981 an der Literatur.
- ↑ Cf. Croisé 1915: 270 an der Literatur.
- ↑ Cf. Meyer & Helminger 1994; Habel et al. 2014 an der Literatur.