Léopold Hoffmann

lëtzebuergesche Schrëftsteller a Literaturkritiker

De Léopold Hoffmann, gebuer den 1. Februar 1915 zu Klierf, a gestuerwen de 6. Oktober 2008 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller a Literaturkritiker.

Léopold Hoffmann
Gebuer 1. Februar 1915
Klierf
Gestuerwen 6. Oktober 2008
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Literaturkritiker, Schrëftsteller
Famill
Bestuet mat Germaine Hoffmann
Kanner Frank Hoffmann

Liewen änneren

Dem Léopold Hoffmann säi Papp war Schoulmeeschter zu Klierf. De Kolléisch zu Dikrech huet de Léopold Hoffmann vun 1928 bis 1935 besicht. Duerno huet hien um Cours Supérieur an der Stad Lëtzebuerg studéiert. Duerno huet hie Germanistik, Latäin, Geschicht, Griichesch a Psychologie studéiert. Seng Universitéitsstudien huet hien zu Paräis, Louvain a Bonn gemaach. No engem Doktorat a Philologie an a Philosophie krut hien eng Plaz am Kolléisch an der Stad.

Am Zweete Weltkrich gëtt hien zwangsversat op Düsseldorf an op Düren.

1943 huet hien am Dikrecher Kolléisch Coursë ginn. 1945 gouf hie Professer zu Esch-Uelzecht. Hien huet 1948 och nach op der Universitéit zu Amsterdam Hollännesch geléiert. An de Kolléisch an d'Stad koum hien am Joer 1949, wou hie Professer bis zu senger Pensioun am Joer 1979 bliwwen ass. Vun 1954 u gouf hie Coursë fir däitsch Literatur um Cours supérieurs an der Stad.

Nieft sengem literaresche Wierk huet en och méi wéi 500 literaturkritesch Zeitungsartikele verfaasst.

Hie war mat der Molerin Germaine Hoffmann bestuet an ass de Papp vum Regisseur Frank Hoffmann.

No him genannt änneren

Am Quartier Gaasperech vun der Stad Lëtzebuerg ass eng Strooss nom Léopold Hoffmann genannt: d'rue Léopold-Hoffmann, déi am rechte Wénkel vun der Escher Strooss ausgeet an op d'rue Evy-Friedrich stéisst.[1]

Literarescht Wierk änneren

 
 
  • Kulturpessimismus und seine Überwindung, Essay iwwer den Heinrich Böll (1958)
  • Der letzte Romantiker und die Härten der Existenz, D'Liewen an d'Wierk vum Dichter Ernst Koch (1959)
  • Literatur im Spiegel, Säuerliche Aphorismen (1966)
  • Reflexe und Reflexionen, Mikro-Geschichten (1968)
  • Brenn- und Blendpunkte, Aphorismen a Mikro-Geschichten (1970)
  • Heinrich Böll. Einführung in Leben und Werk, Verlag Edi-Centre / Jean-Pierre Krippler-Muller, 2. erweidert Oplo (1973)
  • Stress und Stille, (1974)
  • Schnappschlüsse, (1978)
  • Gegen die Tüchtigen ist kein Kraut gewachsen
  • Risse im Putz, (1980)
  • Wer will schon wissen, wie spät es ist, (1983)
  • Meinetwegen sowas wie Liebe, (1986), Éditions Phi
  • Aufhänger, (1988)
  • Gebrochener Zeitschein, (1993), Éditions Phi
  • Der Pelz der Reisswölfe, (1997), Éditions phi, Virwuert vum Nic Weber
  • Schlitter, Gedichter, mat Fotoe vun der Sophie Jung an engem Virwuert vum Guy Wagner, (2006), Éditions Phi.

Postum

  • Léopold Hoffmann (1915-2008): Ausgewählte Werke. Vorgestellt und kommentiert von Samuel Hamen, Miersch: Centre national de littérature (2020). ISBN 978-2-919903-89-4.

Zitat änneren

Grabinschrift
Hier liegt Wolf-Dietrich, der glaubte, ein unübertrefflicher Autofahrer zu sein.
Dieser Glaube machte ihn selig.
(aus dem Buch: Reflexe und Reflexionen)

Auszeechnung änneren

Literatur änneren

  • Samuel Hamen: Dichter sind Lügner für die Wahrheit - Zoom auf das Literaturarchiv: Léopold Hoffmann, an Die Warte vum 29. Januar 2015 S. 2-3

Um Spaweck änneren

Commons: Léopold Hoffmann – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Simone Beck, 2017. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? ons stad 114, S. 55.