De Leo Minor (Klenge Léiw) ass e Stärebild vum Nordhimmel.

Date vum Stärebild Leo Minor
Lëtzebuergeschen Numm Klenge Léiw
Laténgeschen Numm Leo Minor
Laténgesche Geenitiv Leonis Minoris
Laténgesch Ofkierzung LMi
Rektaszensioun 9h 22m bis 11h 07m
Deklinatioun +41° 30´ bis +22° 50m
Fläch 232 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 48° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Fréijoer
Zuel vun de Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
46 Leonis Minoris
(Praecipua)
3,83m
Meteorstréim Leo-Minoriden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Ursa Major
Lynx
Leo
Kaart vum Stärebild Leo Minor

Beschreiwung änneren

De Leo Minor ass en onschäinbaart Stärebild um nërdleche Stärenhimmel. Et setzt sech (jee no Stärekaart) aus zwéin oder dräi Stären zesummen. Nëmmen een ass méi hell wéi déi 4. Gréissteklass.

Et fënnt een d'Stärebild nërdlech vum markante „grousse“ Leo (Léiw).

Geschicht änneren

D'Stärebild gouf eréischt am Joer 1687 vum Danzeger Astronom Johannes Hevelius agefouert. Nëmmen deen zweethellste Stär, β Leonis Minoris, gouf mat engem griichesche Buschtaf gezeechent.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
46 Praecipua, Praecipula 3,83m 98 K0 III
β 31 4,20m 200 G9 III
21 4,49m
10 4,54m
37 4,68m
30 4,72m
15 5,08m
41 5,08m
13 5,11m
42 5,36m
8 5,39m
11 5,40m
23 5,49m
40 5,51m
28 5,52m
34 5,57m
43 5,73m
32 5,79m
38 5,84m
7 5,87m
27 5,89m
15 5,92m

Den hellste Stär am Klenge Léiw huet d'Flamsteed-Bezeechnung 46 Leonis Minoris. E steet op enger Distanz vun 98 Liichtjoer, e liicht orange a gehéiert zu der Spektralklass K0 III.
Hie gëtt och Praecipua, laténgesch „Virstéier“, genannt.

De β Leonis Minoris läit op enger Distanz vun 200 Liichtjoer, a liicht giel mat der Spektralklass G9 III.

Verännerlech Stären änneren

Stär Gréisst Period Typ
R 6,3 bis 13,2m 372 Deeg Mira-Typ

Den R Leonis Minoris ass e verännerleche Stär vum Typ Mira, deem seng Hellegkeet sech iwwer en Zäitraum vun 372 Deeg staark ännert. Wärend dem Minimum fält d'Hellegkeet bis op déi 13. Gréissteklass erof.

Messier- an NGC-Objeten änneren

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
3003 11,7m Galaxis
3344 9,9m Galaxis

Am "Klenge Léiw" sinn d'Galaxien NGC 3003 an NGC 3344.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Leo Minor – Biller, Videoen oder Audiodateien