Leda (Mound)
De Leda (och Jupiter XIII) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.
Zentralkierper | Jupiter |
---|---|
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 11.165.000 km |
Periapsis | 9.338.000 km |
Apoapsis | 12.992.000 km |
Exzentrizitéit | 0,1636 |
Ëmlafzäit | 240,92 Deeg |
Ëmlafvitess | 3,35 km/s |
Inklinatioun | 27,457° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 20 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 19,5 |
Entdeckung | |
Entdecker | Charles Kowal |
Entdeckungsdatum | 11. September 1974 |
Entdeckung
ännerenDe Leda gouf de 14. September 1974 vum Astronom Charles Thomas Kowal op fotografesche Placken entdeckt, déi dräi Deeg virdrun am Palomar-Observatoire beliicht goufen. Als offiziellen Datum vun der Entdeckung gëtt dofir den 11. September 1974 uginn.
De Mound gouf no der Leda, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie, genannt.
Bunndonnéeën
ännerenDe Mound Leda ëmkreest de Jupiter op engem mëttleren Ofstand vun 11.165.000 km a ronn 240 Deeg an 12 Stonnen. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,15 an ass mat 27,5° staark géigeniwwer dem lokale Laplace-Plang, gebéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt hien zu der Himalia-Grupp, genannt nom Jupitermound Himalia, gezielt.
Physikalesch Donnéeën
ännerenDe Leda huet e mëttleren Duerchmiesser vun nëmmen 20 km. D'Dicht ass mat 2,6 g/cm³ relativ héich, wat drop hiweist, datt hien haaptsächlech aus Silikatgestengs besteet. Seng Uewerfläch ass ganz donkel an hien huet eng Albedo vun 0,04. Déi visuell Magnitude ass 19,5m.