Léif Lëtzebuerger...

Documentaire vum Ray Tostevin

Léif Lëtzebuerger... ass e brittesch-lëtzebuergeschen Documentaire vum Ray Tostevin aus dem Joer 2008. En huet den Ënnertitel D'Grande-Duchesse am Exil 1940-1945.

Léif Lëtzebuerger...
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg,
Vereenegt Kinnekräich
Produktiounsjoer 2007
Première 21. Mäerz 2008
Dauer 98 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Format 16:9
Originalsprooch Lëtzebuergesch,
Englesch
Ekipp
Regie Ray Tostevin
Dréibuch Ray Tostevin
Fotografie Carlo Thiel, Alex Aaach
Musek Stephen Daltry
Produzent Candice Allen & Lynn Rothwell
Joy Hoffmann
Produktiouns-
gesellschaft
Grace Productions,
Centre national de l'audiovisuel
Schauspiller
Josephine Coleman
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film erzielt wéi d'Grande-Duchesse Charlotte, déi 1940 beim däitschen Iwwerfall op Lëtzebuerg zesumme mat hirer Famill an den Exil gaangen ass, sech a Kanada, an de Vereenegte Staaten an a Groussbritannie fir hiert Land agesat huet, an iwwer d'BBC de Leit am Land Mutt zougesprach huet.

De Film krut säin Titel wéinst hire Rieden, déi mat "Léif Lëtzebuerger" ugefaangen hunn.

Produktioun änneren

De Film ass op Initiativ vun der jonker brittescher Journalistin Candice Allen gemaach ginn, déi op Opname vun de berüümte Riede vun der Grand-Duchesse Charlotte um BBC Radio gestouss war, an déi eng lëtzebuergesch Groussmamm hat, déi hir vill iwwer déi deemoleg Zäit erzielt hat. Dofir huet si 2003 dem Joy Hoffmann vum Centre national audiovisuel (CNA) proposéiert, e Film iwwer de Sujet ze maachen.[1]

D'Recherche fir de Film a seng Realisatioun hu véier Joer an Usproch geholl. E gouf vum CNA finanzéiert. Ursprénglech hat en den Titel London Luxembourg Lifeline a sollt sech op der Grand-Duchesse hiren Openthalt zu London konzentréieren. Dunn ass d'Produzentin Candice Allen a Kontakt mat dem Curtis Roosevelt getrueden, dem Enkel vum deemolegen US-amerikanesche President Theodore Roosevelt, an d'Geschicht gouf ëm déi aner Länner erweidert, an deenen d'Grand-Duchesse wärend dem Krich am Exil war.[2]

D'Erzieler waren an der lëtzebuergescher Versioun d'Sascha Ley, an der franséischer Versioun de Stéphane Bern an an der englescher Versioun d'Geraldine James.

De Film hat den 21. Mäerz 2008 am Kino Première, a Presenz vum Groussherzog Henri an der Groussherzogin Maria Teresa, dem Groussherzog Jean, an dem Prënz Louis, der Prinzessin Tessy an der Prinzessin Alexandra.[3]

Den 19. September 2008 hat de Film seng Première zu London, mam Titel Charlotte: A Royal at War (Léif Lëtzebuerger). Den ursprénglech geplangten engleschen Titel war Propagandist in Pearls.[4] Am Kader vun der Première huet de Groussherzog Henri engem Vertrieder vun der BBC eng Miniaturkopie vum Groussherzogin-Charlotte-Monument op der Stater Clairefontaine-Plaz iwwerreecht.[5]

D'DVD koum am November 2008 eraus.

Kritik änneren

Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[1]

[L]e réalisateur Ray Tostevin [ajoute]: « We are storytellers. We want to tell people stories ». C'est certainement le volet le plus réussi du film : au-delà d'être un document historique pertinent, il s'agit aussi d'une histoire dramatique et imprévisible, à multiples ressorts, que Tostevin, auteur de nombreux documentaires politico-historiques [...] raconte de façon à clouer le spectateur à son siège durant les 98 minutes du film.

Vincent Artuso, Woxx:[6]

« Léif Lëtzebuerger » est d'abord servi par la qualité des sources, dont certaines sont inédites. [...] Du côté des témoignages, retenons les interventions de Curtis Roosevelt – le petit-fils du président américain – et d'historiens luxembourgeois comme Paul Margue, Serge Hoffmann ou Paul Haag. Toutefois, quelqu'intéressant que soit le propos, celui-ci est desservi par une réalisation d'une extrême timidité, aussi maîtrisée que convenue. Rien ne dépasse et rien ne surprend. Si l'on y rajoute une bande sonore par trop empruntée, on obtient un résultat qui a le charme suranné des longs dimanches après-midi que l'on passe chez ses grands-parents.

Sonja Kmec, Benoît Majerus an Gian Maria Tore, Forum:[4]

Car si Léif Lëtzebuerger est un film partial, et donc propagandiste, c'est parce qu'il est lui-même partiel : parce qu'il ne montre qu'un seul point de vue, une seule subjectivité (la subjectivité « émue » de celui qui est reconnaissant à son souverain). Comment un tel film, ainsi construit et ainsi accueilli par l'opinion publique, si monolithique et bienveillant, si concilié et conciliant, comment un tel produit pourrait-t-il prétendre à un tant soit peu de « vérité » du vivre ensemble ?

Klengegkeeten änneren

D'Ried, déi um Plakat ofgedréckt ass, an och am Film an den nogestallten Zeenen ze gesinn ass, ass an der haiteger Schreifweis vum Lëtzebuergeschen ze gesinn. Uganks der 1940er Jore war, wann iwwerhaapt, d'Welter-Engelmann-Schreifweis gebräichlech.

De Film war an der Kategorie "Publikumspräis" fir de 4. Lëtzebuerger Filmpräis nominéiert, huet awer géint Inthierryview verluer.[7]

De Regisseur Ray Tostevin an d'Koproduzentinne Candice Allen-Olsen a Lynn Rothwell kruten 2008 fir de Film vum Grand-Duc den Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau am Grad "Chevalier".[2][5]

Fir den 100-järege Jubiläum vun der Trounbesteigung vun der Grand-Duchesse Charlotte ze feiere gouf den Documentaire de 26. November 2019 an der Philharmonie a Presenz vun der groussherzoglecher Famill an dem Premier Xavier Bettel gewise.[8]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 land.lu: Propagandiste en perles vum Josée Hansen (27. Mäerz 2008)
  2. 2,0 2,1 forum.lu: Großherzogin Charlotte – ein ideales Aushängeschild für die Regierung; Interview mit Joy Hoffmann und Viviane Thill vom Centre national de l'audiovisuel zum Film Léif Lëtzebuerger, Forum Nr. 282, Dezember 2008, Säit 39-41
  3. monarchie.lu: Première du film "Léif Lëtzebuerger" (14. Mäerz 2008)
  4. 4,0 4,1 forum.lu: Un film qui va droit au coeur vum Sonja Kmec, Benoît Majerus an Gian Maria Tore, Forum Nr. 277, Juni 2008, Säit 48-54
  5. 5,0 5,1 monarchie.lu: "Léif Lëtzebuerger" ou "Charlotte: A Royal at War" en première à Londres (19. September 2008)
  6. woxx.lu: RAY TOSTEVIN: Charlotte Sometimes vum Vincent Artuso (27. Mäerz 2008)
  7. tageblatt.lu: House of Boys, lauréat du prix du meilleur film luxembourgeois (4. Dezember 2009)
  8. wort.lu: Vor 100 Jahren bestieg Großherzogin Charlotte den Thron. Am Dienstag wird der Dokumentarfilm "Léif Lëtzebuerger" in der Philharmonie gezeigt. (25. November 2019)