inthierryview
inthierryview ass e lëtzebuergesche Documentaire iwwer den Thierry van Werveke vum Andy Bausch. En ass den 28. November 2008 an de Kinoen ugelaf.
![]() | |
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2008 |
Première | 2008 |
Dauer | 105 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch Däitsch Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Fotografie | Carlo Thiel |
Musek | ? |
Schnëtt | Misch Bervard |
Produzent | Paul Thiltges distributions |
Schauspiller | |
(am Interview) Thierry van Werveke Til Schweiger Michael Haneke Moritz Bleibtreu Buket Alakus Sascha Ley Frank Hoffmann Pipo Petro Claude Bertemes Danielle Igniti | |
5.100 Leit hunn de Film am Kino gesinn.[1]
Wourëms geet et am Film?Änneren
Den Titel "inthierryview" ass e Wuertspill mat "Interview" an "Thierry". De Film ass en Documentaire iwwer dem Museker a Schauspiller Thierry van Werveke säi Liewen a seng Carrière, deen haaptsächlech aus Interviewe mam an iwwer de van Werveke besteet. Zu Wuert kommen ë. a. Museker, Schauspiller a Regisseuren, mat deenen en zesummegeschafft huet. Et gëtt och eng 50 Ausschnëtter aus Filmer, an deenen e matgespillt huet, an e puer fiktional Zeenen.
Nieft senger Carrière a Film, Musek an Theater schwätzt den Thierry van Werveke och iwwer seng Kandheet zu Genf, seng Drogenofhängegkeet als 18järegen, säin Job als Läichewäscher an als Garçon an engem Diddelenger Café, seng Zäit als éischte Punk vu Lëtzebuerg, säin Alkoholismus, asw.[2]
SossÄnneren
Et ass dëst, no The very last cha cha cha (1999), deen zweete Film vum Andy Bausch iwwer de van Werveke, mat deem en zanter sengen éischten Experimentalfilmer op 8mm zesummeschafft. De Film ass entstanen als eng Zort 50.-Gebuertsdagshommage, mä och, well ufanks 2008 bekannt gouf, datt dem van Werveke säi Gesondheetszoustand ganz kritesch war. Hien ass knapps zwéi Méint no der Première gestuerwen.
Inthierryview krut beim 4. Lëtzebuerger Filmpräis 2009 de Publikumspräis.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Die vierte Ehrung der Filmschaffenden im Großherzogtum", journal.lu, 31.10.2009.
- ↑ Synopsis op ptd.lu