Nikloskapell vun Zëtteg

kathoulesch Kapell
(Virugeleet vu(n) Kapell Zëtteg)

D'Nikloskapell vun Zëtteg ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bech gehéiert.

Kapell vun Zëtteg
Kapell vun Zëtteg (2013)

Kapell vun Zëtteg (2013)
Kapell vun Zëtteg (2013)
Uertschaft / Plaz Zëtteg
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Niklos
Koordinaten 49° 44’ 40.6’’ N
      06° 20’ 36.7’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Niklos deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.

Se steet zentral am Duerf an der Duerfstrooss.

De 24. Oktober 2017 gouf d'Kapell op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Zur fréierer Par Hemstel hunn ausser der Kapell vun Zëtteg och nach d'Parkierch vun Hemstel, d'Filialkierch vun Altréier, d'Kapell vun Heeschbreg an d'Kapell vu Rippeg gehéiert.

Geschicht änneren

Zu Zëtteg gouf d'selwecht wéi zu Rippeg schonn 1570 eng Kapell ernimmt. Déi haiteg Kapell gouf am Ufank vum 18. Joerhonnert nei gebaut.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nikloskapell vun Zëtteg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).