Kierch Hemstel
D'Kierch vun Hemstel ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bech gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kierch vun Hemstel (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Hemstel | |||
Par | Regioun Iechternach Saint-Willibrord | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Brictius | |||
Koordinaten | 49° 44’ 23.0’’ N 06° 20’ 04.4’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Brictius, deem säi Fest den 13. November gefeiert gëtt.
Se steet op der Kräizung vum CR129 (Op der Letsch an Am Duerf) mat dem CR136 (Op der Jaich). Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Hemstel hunn ausser der Parkierch vun Hemstel och nach d'Filialkierch vun Altréier, d'Kapell vun Heeschbreg, d'Kapell vu Rippeg an d'Kapell vun Zëtteg gehéiert.
Geschicht
ännerenDéi haiteg Kierch ass 1855 gebaut ginn a gouf den 29. Juni 1878 konsekréiert.
Am Joer 1975 gouf d'Hemsteler Kierch restauréiert. De Buedembelag an d'Tuermauer goufen ersat, de Banneraum nei ugestrach an d'Klackegelauts gouf op elektresch Steierung ëmgestallt. Den 20. Abrëll 1975 gouf den neien Altor geweit.
De 6. September 2019 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Hemstel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Kierch op der Websäit vum Parverband Konsdref
- D'Fënstere vun der Kierch vun Hemstel op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kierch vun Oste gesinn
-
Nordsäit vun der Kierch
-
Agangsportal
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).