Kapell Heeschbreg
kathoulesch Kapell an der Gemeng Bech
D'Kapell zu Heeschbreg ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bech gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
![]() Kapell vun Heeschbreg (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Heeschbreg | |||
Par | Regioun Iechternach Saint-Willibrord | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Margréit | |||
Koordinaten | 49° 45’ 30.0’’ N 06° 19’ 39.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Patréinesch ass d'helleg Margréit, där hiert Fest den 20. Juli gefeiert gëtt.
D'Kapell steet zu Heeschbreg ganz am Norde vum Duerf an engem klenge Säitewee vun der Haaptstrooss, dem CR136.
Zur fréierer Par Hemstel hunn ausser der Kapell vun Heeschbreg och nach d'Parkierch vun Hemstel, d'Kierch vun Altréier, d'Kapell vu Rippeg an d'Kapell vun Zëtteg gehéiert.
De 26. Abrëll 2019 gouf d'Kapell, mat hirem Mobiliar an engem Weekräiz als nationaalt Monument klasséiert[1].
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kapell Heeschbreg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 23. Dezember 2024).