Hasselbaach
lëtzebuergesch Baach
D'Hasselbaach ass eng kleng Baach an der Gemeng Biekerech, déi op enger Streck vun 250 Meter d'Grenz mat der Gemeng Sëll mécht.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f8/Hasselbaach.jpg/200px-Hasselbaach.jpg)
Si huet hir Quell am Weste vun Iener op enger Héicht vu ronn 290 Meter, a leeft vun do aus no Nordoste fir am Norde vu Kaalmes an d'Schweebech ze lafen. Si ass ronn 3.500 m laang.