De Jean Bernard Krier,[1] gebuer den 13. Mäerz 1835 zu Diddeleng a gestuerwen de 4. Mäerz 1900 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen, Deputéierten an Auteur.[2]

Jean Bernard Krier
Gebuer 13. Mäerz 1835
Diddeleng
Gestuerwen 4. Mäerz 1900
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Paschtouer, Lycéesprofesser

Paschtouer zu Nouspelt änneren

Dem Bernard Krier säi Papp, de Pierre Krier, war Doléiner. Datt de Jong an der Stad am Athenäum studéiere konnt, wou hien 1853 de Maturitéitsexame bestanen huet, war a priori also net evident. Am Oktober 1854 huet de Bernard um Cours supérieur d'Kandidatur an der Philosophie an der Literatur bestanen. Den 19. September 1857 ass hien zu Tréier zum Priister ordonnéiert ginn. Den 29. September 1857 koum hien als Vikar op Réimech. Den 20. Dezember 1862 ass hie Paschtouer zu Nouspelt ginn.

Professer zu Iechternach änneren

De 6. November 1865 koum hien als Nofollger vum Reliounsprofesser Nicolas Linckels an den Iechternacher Kolléisch (deemools École moyenne et industrielle d'Echternach).[3] Do huet hie bis 1872 Relioun a Geschicht enseignéiert.[4]

Zu Iechternach huet de Krier sech fir d'Restauratioun vun der Basilika an de Willibrordus-Kult agesat. Hie gouf Member vum Willibrordus-Bauveräin, vum 7. November 1866 un als Vizepresident.[5]. Wéi de Prënz Hari an d'Prinzessin Amalia den 28. November 1866 zu Iechternach op Besuch waren, huet de Bernard Krier si zesumme mam Bezierksingenieur Antoine Hartmann duerch de Chantier vun der Basilika gefouert, wou déi héich Gäscht sech e Bild vun de Restauratiounsaarbechte vun der Abteikierch, déi zënter 1863 am Gaang waren, maache konnten. Beim Festiessen, dat um véier Auer nomëttes ugefaangen hat, huet ë. a. och de Bernard Krier als Vizepresident vum Willibrordus-Bauveräin en Toast ubruecht, deen am „Wort“ publizéiert gouf.[6]

A senger Sëtzung vum 30. Mee 1867 huet de Kommitee vum Willibrordus-Bauveräin dem Bernard Krier den Opdrag ginn, sech ëm de Projet vum Héichaltor fir d'Basilika ze këmmeren. Hien huet net nëmme Kontakt mat Fachleit opgeholl, mee sech och ëm d'Finanzéierung vum Projet beméit, esou z. B. am Februar 1868 mat engem Spendenopruff am „Wort“.[7] Donieft huet hie sech nach mat enger Rei vu Publikatioune fir d'Basilika an de Willibrordus-Kult agesat.

An déi Zäit, wéi de Bernard Krier zu Iechternach war, ass och den Doud vum Dechen Pierre Thomas gefall, deen de 17. Mäerz 1870 zu Iechternach gestuerwen ass an do sonndes den 20. Mäerz begruewe gouf. An enger Doudemass, déi dënschdes, den 22. Mäerz an der Basilika war, huet de Bernard Krier dem Verstuerwene senger an enger Usprooch geduecht.[8]

Direkter vum Konvikt änneren

Den 1. September 1872 gouf de Bernard Krier Direkter vum nei geschaafte bëscheefleche Konvikt an der Stad, deen am Oktober 1872 ageweit gouf, a wou hien am Dezember 1872 de Prënz Hari, deen déi nei Institutioun besiche koum, empfänke konnt.[9]

Generalvikar änneren

Den 12. Mee 1885 gouf de Krier Generalvikar vun der Diözees Lëtzebuerg. Am Juli 1897 [10] huet de Poopst Leo XIII. hien zum peepstleche Geheimkämmerer (camérier secret) ernannt. Am August 1897 gouf hien Offizéier am Ordre de la couronne de chêne.[11]

Deputéierten änneren

De Bernard Krier huet sech och politesch engagéiert. Vum 8. November 1887 u bis 1899 war hien an der Chamber als Deputéierte vum Kanton Réiden.[12] An der Chamber huet hien d'Intresse vun der kathoulescher Kierch vertrueden. Esou huet hien 1897 bei den Diskussiounen ëm d'Gesetz, dat d'Gehälter vun de Schoulmeeschtere sollt verbesseren, dofir plädéiert, datt domat d'Obligatioun fir d'Schoulmeeschtere verbonne sollt ginn op Ufro vum Paschtouer, d'Bibel an de Katchëssem z'enseignéieren, an datt, wa méi Paren an enger Gemeng sinn, all Par duerch hire Paschtouer oder deem säi Stellvertrieder an der Schoulkommissioun vertruede misst sinn. Déi Fuerderunge sinn am Gesetz, dat de 6. Juni 1898 gestëmmt gouf, zeréckbehale ginn, an domat war dat méi laizistesch orientéiert Schoulgesetz vum 20. Abrëll 1881 op essentielle Punkten ofgeännert.[13]

E feierlecht Begriefnes änneren

De Bernard Krier ass am Konvikt gestuerwen. De 7. Mäerz 1900 gouf hien an der Stad um Nikloskierfecht begruewen.[14] D'Begriefnesfeierlechketen hu sech an der Presenz vun den héchste Vertrieder vu Kierch a Staat ofgespillt. D'Obermosel-Zeitung zielt déi wichtegst op:[15]

Die Beisetzung von Msgr. Krier am Mittwoch nahm einen großartigen Verlauf. Seit der Beisetzung von Msgr. Adames hat man keinen feierlicheren Leichenzug in den Mauern der Stadt gesehen. Zweihundertdreißig Geistliche waren herbeigeeilt; der Hochwürdigste Herr Bischof präsidierte. Herr Stadtdechant Haal funktionierte. I. K. H. die Erbgroßherzogin wohnte dem Seelenamte bei; ebenso Herr Hofmarschall von Syberg als Vertreter S. K. H. des Großherzogs; ferner Msgr. Dr. Reuß, der Generalvikar von Trier, als Vertreter des Bischofs von Trier. S. Ex. Staatsminister Eyschen usw. usw.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

De Bernard Krier war den Auteur vun enger ganzer Rei vu Publikatiounen, déi sech ëm e puer Schwéierpunkte gruppéiert hunn: 1. Artikelen oder Broschüre respektiv Bicher iwwer d'Restauratioun vun der Iechternacher Basilika, d'Sprangpressioun an de Willibrord; 2. erbaulech Konferenze fir d'Schüler, déi am Konvikt waren; 3. politesch Rieden als Deputéierten.[16]

  • 1869. Die feierliche Consekration der St. Willibrordus-Basilika und die Jubelfeier des hochw. Herrn Dechanten Pet. Thomas zu Echternach am 20., 21., 22. und 23 September 1868. Luxemburg : P. Brück, 46 S.
  • 1869. Durch welche Mittel kann und soll die St. Willibrorduskirche in Echternach vollendet werden? : eine Festpredigt, gehalten am 7. November 1869 in der Basilika zu Echternach. Luxemburg : V. Bück, 16 S.
  • 1870. La procession dansante ou le pèlerinage au tombeau de St. Willibrord à Echternach. Luxembourg : P. Brück, 79 S. (4 Oploe vun 1870 bis 1888).[17]
  • 1870. Die Springprozession und die Wallfahrt zum Grabe des heiligen Willibrord in Echternach. Luxemburg : Peter Brück, 198 S. [9][18]
  • 1870. Leben des heiligen Willibrord und die Springprozession. Luxemburg : P. Brück, 28 S.
  • 1873. Leben des heiligen Willibrord. Luxemburg : Verlag Peter Brück. 2. Aufl., 27 S.
  • 1876. Leben des heiligen Willibrord und die Springprozession. Luxemburg : P. Brück, 3., vermehrte Aufl., 28 S.
  • 1880. Das Studium und die Privatlektüre : siebzehn Conferenzen, den Zöglingen des Bischöfl. Konviktes gehalten. Luxemburg : P. Brück, 187 S. [10] (6 Oploe vun 1880 bis 1911).
  • 1883. Der Beruf : vier und zwanzig Conferenzen, den Zöglingen des Bischöflichen Konviktes gehalten von J. Bern Krier. Luxemburg : P. Brück, 7, 296, 8 S. (3 Oploe vun 1883 bis 1899; hollännesch Iwwersetzung 1905). [11]
  • 1888. Die Höflichkeit : zwanzig Conferenzen den Zöglingen des Bischöflichen Conviktes zu Luxemburg gehalten von J. Bern. Krier. Freiburg i.Br. : Herder, VI, 176 S. (6 Oploe vun 1888 bis 1904; italieenesch Iwwersetzung 1896, ungaresch Iwwersetzung 1896, rumänesch Iwwersetzung 1899, hollännesch Iwwersetzung 1902).
  • 1889. Der Geist des Convictes : zwölf Conferenzen, den Zöglingen des Bischöflichen Convictes zu Luxemburg gehalten von J. Bern. Krier. Freiburg i.Br. : Herder, VI, 120 S. [12] (2 Oploen 1889 an 1900; ungaresch Iwwersetzung 1903).
  • 1893. Réflections [i.e. réflexions] sur le projet de loi concernant la personnification civile des soeurs de Ste. Elisabeth soumises à Messieurs les Députés. Luxembourg : Impr. St. Paul, 24 p.
  • 1897. Discours prononcé à la Chambre des députés, le 23 novembre 1897 sur les modifications à apporter à la loi scolaire de 1881. Luxembourg : Impr. St.-Paul, 40 p.

Literatur änneren

  • Arendt, K., 1972. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Vorwort: Paul Margue. Luxemburg, E. Kutter, 514 S.
  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 1: A-L, XXXIII-756 p.
  • Friedrich, E., 1985. Kalennerblieder. Bd. 5. Lëtzebuerg, J.P. Krippler, 392 S.
  • Heuertz, F., 1922. Personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Programme du Gymnase de Luxembourg, Imprimerie St-Paul, VIII, 79 S.
  • Kalmes, V., 1990. Vom Taglöhnerkittel zum Gehrock. Eine Studie über die materielle und soziale Lage des Luxemburger Lehrers im 19. Jahrhundert. Luxembourg, Éditions du Syndicat national des enseignants, 440 p.
  • Koenig, A., 1923. Berühmte Moselaner. Bd. 2. Grevenmacher, Neue Mosel-Zeitung (Mich. Braun), 101 S. [Biographien Nr. 287-624]. (Pseudonym des Autors: Paul Felix von der Mosel).
  • Massard, J. A., 1988. Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1: 1-259.
  • Obermosel-Zeitung, 1900. Chronik aus der Hauptstadt: Msgr. Krier †. Obermosel-Zeitung 1900-03-06, S. 2. [13]
  • Thill, J., 1897. Le Collège d'Echternach comme établissement de l'Etat depuis sa création jusqu'en 1897. Programme du Progymnase Echternach 1896-1897, S. 1- 68.
  • Wilhelm, F., 1992. Nos professeurs écrivains. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 427-464.
  • Wort, 1900a. Lokal-Neuigkeiten: † Msgr. Krier. Luxemburger Wort 1900-03-05, S. 3. [14]
  • Wort 1900b. Begräbnisfeierlichkeiten von Msgr. Krier. Luxemburger Wort 1900-03-08, S. 3, Nr. 66. [15]

Referenzen änneren

  1. Am Gebuertsakt steet nëmmen de Virnumm „Bernard“ (Gemeng Diddeleng, Gebuertsregëster 1835, N° 11).
  2. Luxroots. Biographesch Donnéeë sinn ze fanne bei: Wort 1900a; Obermosel-Zeitung 1900; Arendt 1972, S. 193; Blum 1981, S. 650; Heuertz 1922, S. 33; Koenig 1923, S. 48; Friedrich 1985, S. 69; Massard 1988, S. 215.
  3. Thill 1897, S. 35.
  4. Massard 1988, S. 215.
  5. Luxemburger Wort 1866-11-14: 2 (Inland: Echternach)
  6. Massard 1988, S. 116-119; Luxemburger Wort 1866-12-06, S. 1, Nr. 283 [Besuch von Prinz Heinrich und Prinzessin Amalia in Echternach zwecks Besichtigung der Rekonstruktionsarbeiten der Basilika] [1]
  7. Luxemburger Wort 1868-02-28, S. 3, 50 (Hochaltar für die Willibrordus-Basilika in Echternach). [2]
  8. Luxemburger Wort 1870-03-26: 1-2 (Echternach, le 23 mars 1870)
  9. Luxemburger Wort 1872-12-23, S. 2 (Besuch S. K. H. des Prinzen Statthalters im bischöflichen Konvicte).[3]
  10. Laut Heuertz 1922, S. 33, war dat de 24. Juli; laut Wort 1900a de 27. Juli.
  11. Wort 1900a, Obermosel-Zeitung 1900.
  12. Arendt 1972, S. 193; Massard 1988, S. 215; Als & Philippart, 1994. La Chambre des Députés : histoire et lieux de travail. Luxembourg, S. 520/521.
  13. Kalmes 1990, S. 349-363. — Loi du 6 juin 1898 portant modification de la loi du 20 avril 1881, sur l'organisation de l'enseignement primaire, et révision de celle du 6 juillet 1876, sur les traitements du personnel enseignant. Mémorial 1898, N° 24, S. 249-257.
  14. Wort 1900b.
  15. Obermosel-Zeitung 1900-03-09, S. 2, Nr. 20 (Chronik aus der Hauptstadt).[4]) — Fir méi Detailer kuckt: Wort 1900b.
  16. Eng komplett Bibliographie ass beim Blum 1981, S. 650-652, ze fannen, an eng Appreciatioun vun de Publikatioune beim Evy Friedrich 1985, S. 69. Kuck och: Wilhelm 1992, S. 432.
  17. D'Buch huet 12 Sous (mat Gravure) an 10 Sous (ouni Gravure) kascht (Luxemburger Wort 1870-06-03: 4, Annonce vum P. Brück). [5]
    Bespriechungen an der Press: Echternacher Anzeiger 1870-05-22, Nr. 41, S. 2 (Echternach, den 20. Mai: Die Pfingstprocession.), deem säin Artikel d'„Luxemburger Wort“ mat Ausnam vun de leschten Zeilen iwwerholl huet: Luxemburger Wort 1870-05-25: 2 (Echternach, 20. Mai). [6]
    Am „Voeu national“ vu Metz, zitéiert am Luxemburger Wort 1870-06-04: 3 (La procession dansante). [7] — "Le Voeu national" war eng Zeitung, déi vum Juni 1848 bis de Juni 1883 dräimol an der Woch zu Metz erauskomm ass.
  18. Um Deckel vum Buch steet 1870 als Erscheinungsdatum; de facto ass et awer eréischt am Abrëll 1871 erauskomm. Kuck: LW 1871-04-26: 3 (Literarisches: Die Springprozession und die Wallfahrt zum Grabe des heiligen Willibrord in Echternach).[8]