Bernard Haal
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Michel Bernard Haal, gebuer de 25. November 1832 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen de 5. Oktober 1913 an der Stad, war e Lëtzebuerger kathoulesche Geeschtlechen.
Bernard Haal | |
---|---|
Gebuer | 25. November 1832 |
Gestuerwen | 5. Oktober 1913 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Den Haal huet 1864 de Kathoulesche Geselleveräi gegrënnt, vun deem hie fënnef Joer President war, ier säi Brudder François déi Charge iwwerholl huet. Vun 1866-1869 war hien Dirigent vun der Maîtrise. De Bernard Haal gouf 1869 Professer am Kolléisch a war vun 1876 un Dechen an Doumpropst an der Stad.
1869 huet hien d'Sonndesblietchen an d'Liewe geruff. Op seng Initiativ gouf an de Joren 1886-1888 d'Paschtoueschhaus nieft der Méchelskierch gebaut.
Um Belair ass eng Strooss nom Bernard Haal genannt.