Herald Sun Tour
Vëloscourse an Australien
(Virugeleet vu(n) Jayco Herald Sun Tour)
De Jayco Herald Sun Tour ass eng Etapppecourse mam Vëlo, déi an Australien am Bundesstaat Victoria gefuer gëtt.
D'Course gouf vun der australescher Dageszeitung Herald Sun an d'Liewe geruff.
Déi éischt Oplo vun der Course gouf tëscht dem 7. an dem 12. Oktober 1952 disputéiert. Gewonne gouf si vum Australier Keith Rowley an der Zäit vun 42 Stonnen, 57 Minutten a 55 Sekonnen. Dësen hat am Generalklassement eng Avance vun 49 Sekonnen op säi Brudder Max.
Zanter 2005 gehéiert d'Jayco Herald Sun Tour zum UCI Oceania Tour an ass zanterhier an der Klass 2.1 agestuuft.
D'Gewënner
ännerenUm Spaweck
änneren- Websäit vum Jayco Herald Sun Tour (en)
- Resultater vun der (Jayco) Herald Sun Tour op der Websäit vu Mémoire du Cyclisme (fr)
Commons: Herald Sun Tour – Biller, Videoen oder Audiodateien |