Victoria, mat der Haaptstad Melbourne, ass ee vun de sechs australesche Bundesstaaten.

Fändel vu Victoria
Fändel vu Victoria
Victoria
Kaart
Basisdaten
Haaptstad: Melbourne
Gréisst Stad: Melbourne
ISO 3166-2: AU-VI
Fläch: 237.629 km²
Awunner: 5.547.527 (2010)
Bevëlkerungsdicht: 24,39 Awunner/km²
Zeltstad an den 1850er Joren

Geschicht änneren

Victoria gouf am Géigesaz zu New South Wales net vu Gefaange gegrënnt, mä vu fräien Immigranten a gouf no der deemoleger brittescher Kinnigin Victoria benannt.

1835 koumen déi éischt Immigranten an 1850 gouf do Gold entdeckt. Doropshi sinn Zéngdausende vu Mënschen op Melbourne gestiermt fir do hiert Gléck ze versichen. Aus dëser Usammlung vun Zelter a Braken ass d'Stad Melbourne entstanen.

1901 gouf Victoria als Bundesstaat an de Commonwealth of Australia opgeholl.

Geographie änneren

Victoria ass den zweeteelsten, a mat enger Fläch vun 237.629 km², den zweetklengste Bundesstaat vun Australien. Victoria grenzt am Norden un New South Wales a läit ganz am Süde vum Kontinent.

Um Spaweck änneren

Commons: Victoria (Australien) – Biller, Videoen oder Audiodateien