Pazifikkrich
Amerikanesch Marines, e japanesche Zero,
brittesch Zaldoten ergi sech
(Schluecht vu Singapour)
d'Schluechtschëff Iowa,
den Atompilz vun Nagasaki
Datum 7. Dezember 1941 -
2. September 1945
Plaz Pazifik
Resultat Alliéiert Victoire
Kontrahenten
Alliéiert
 USA
Republik China
Vereenegt Kinnekräich
Brittesch Indien
Australien
Neiséiland
Holland
Philippinnen
Russland
K.P. vu China
Achs
Japan
Thailand
Mandschukuo
Kollaboratiounschina
Kommandanten
{{{Kommandant1}}} {{{Kommandant2}}}
Truppen op der Plaz
Verloschter
{{{Verloschter1}}} {{{Verloschter2}}}
Konflikt
Zweete Weltkrich

Ënner Pazifikkrich ginn déi militäresch Operatioune verstanen déi vun 1941 am fären Orient an deene Länner gefouert goufen, déi un de pazifeschen Ozean stoussen, an d'Schluechten déi sech um Ozean selwer ofgespillt hunn. Eigentlech ass et mam Iwwerfall vun de Japaner op China am Joer 1937 ugaangen. De Séikrich am Pazifik huet awer eréischt mat der Krichserklärung vu Japan un USA a mam Ugrëff op Pearl Harbor de 7. Dezember 1941 ugefaangen, an dat nodeem de President Roosevelt deen net mat der japanescher Expansiounspolitik a China d'accord war, e leschten Appel un de Keeser Hirohito geriicht hat fir eng Zukunft mat Doud an Zerstéierung an der Welt ze vermeiden. Hien hat sech awer keng Illusioun iwwer säin Appel gemaach, an ass dervun ausgaangen datt d'Japaner géifen d'Philippinnen a Singapur ugräifen. De japanaesche Generol Tojo, ieweschte Kommandant vun der Arméi a Premierminister hat awer aner Iddien an der Kopp. Säi Plang war den Amerikaner hir Pazifikflott an engem grousse Meeschtercoup ze zerstéiere fir sech duerno kënnen a Rou an Asien breetzemaachen.

Fir dat z'erreechen hat sech vum 26. November un, e risege japanesche Flotteverband, geheim vun de Kurilen aus op de Wee gemaach. D'Japaner haten eng Route am Norden erausgesicht op där praktesch kee Schëffsverkéier war a se sinn ouni Funkverkéier gefuer. D'Flott huet aus 2 schwéiere Schluechtschëffer, 2 Panzerkräizer, 1 liichte Kräizer, 6 Zerstéierer, 31 U-Booter, 8 Ravitaillementsschëffer, e puer Pëtrolstankeren a sechs Fligerdréier mat 392 Fligere bestanen. Hiert Zil war fir Pearl Harbor unzegräifen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ugrëff op Pearl Harbor.

Well d'Krichserklärung eréischt nom Ugrëff eragaange war, waren d'Amerikaner ganz speziell rosen an de Senat huet mat Ausnam vun enger Stëmm de Krichszoustand approuvéiert. Domat war Amerika mat an de Krich agetrueden an d'Ënnerstëtzung vun Europa krut doduerch och eng aner Dimensioun.

Dräi Deeg nom Ugrëff op Pearl Harbor, den 10. Dezember 1941 hunn d'Japaner nees eng Demonstratioun vun hirer Stäerkt um Mier ginn. Se hunn d'Schluechtschëff HMS Prince of Wales an de Kräizer HMS Repulse versenkt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Versenkung vum HMS Prince of Wales an HMS Repulse.

Den 9. Abrëll war et dunn un der Rei vum Fligerdréier Hermes an dem Zerstéierer Vampire, déi vu 85 Aichi D3A Sturzkampfbomberen an néng Zeroen am Indeschen Ozean ugegraff a versenkt goufen. De selwechten Dag huet dem Nagumo säi Geschwader nach véier aner Schëffer versenkt déi méi nërdlech gefuer sinn an zwar den RFA Pëtrolstanker Athelstone mat 5.571 BRT, säi Begleetschëff d'Korvett Hollyhock, den Tanker British Sergeant an en norwegescht Schëff d'Norviken mat 2.924 BRT. Vun do un hat Royal Navy kee grousst Schëff méi ëstlech vun Aden stoen.

An der Tëschenzäit haten d'Japaner am Dezember déi amerikanesch Basis op Guam eruewert, waren op Borneo debarquéiert an hu sech de 25. Dezember 1941 Hong Kong ënner den Nol gerappt. Duerno war et um Tour vu Malaysia, Sumatra, Birma a Manila wou se den 2. Januar amarschéiert sinn an dem MacArthur seng Truppe verdriwwen hunn déi sech hu misse bis op Bataan zeréckzéien.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Schluecht vu Bataan an am Artikel Doudesmarsch vu Bataan

Singapur gouf vum 31. Dezember u belagert an huet sech missen de 15. Februar 1942 erginn.

Dat ass dem Admirol Yamamoto awer net duergaangen, deen iwwerzeegt war, datt mat Pearl Harbor, d'Aarbecht net fäerdeg gemaach gi war an hie wollt mat enger decisiver Schluecht säi Verdeedegungsprimeter am Oste bis an den Zentrum vum Pazifik vergréisseren. Duerfir wollt hien den Atoll vu Midway erueweren, deen op der hallwer Streck tëscht den zwéi Kontinenter um Wee fir op Hawaii läit. Hien hat sech ausgerechent datt dann d'Amerikaner hir Fligerdréier déi zu Pearl Harbor mat engem bloen A dervukomm waren, missten asetzen, déi hien da méi liicht kéint attackéieren an eliminéieren. Doduerch hätt hien Iwwerhand an d'Amerikaner misste Friddensverhandlungen akzeptéieren. U sech war dat en einfache Plang awer d'Schluecht am Korallemier ufanks Mee hat seng Flott reduzéiert. Hien hat de klenge Fligerdréier Shoho verluer, de Shokaku war schwéier getraff ginn an den Zuikaku hat seng Begleetschëffer zum gréissten Deel verluer soudatt och net mat deem konnt gerechent ginn. Doriwwer eraus wollt hien nach gläichzäiteg eng Operatioun géint d'Aleuten starten. Fir déi Aktioun hu 5 Kräizer, 12 Zerstéierer, an 2 Fligerdréier seng Armada verlooss.

Fir den Ugrëff hat hie seng Flott an dräi Verbänn opgedeelt. D'Avantgarde huet aus dem Admirol Nagumo senge Fligerdréier Kaga, Agaki, Hiryu a Soryu bestanen. Déi Avantgarde ass dräihonnert Meile virum Rescht vum Flotteverband gefuer an hat doduerch keen dichtegen Artilleriesschutz. Den amerikaneschen Admirol Nimitz hat iwwer seng Renseignementsdéngschter Wand vun där Operatioun kritt an alles a Beweegung gesat fir d'Verdeedegung vu Midway ze verstäerken. Sou goufen déi dräi Fligerdréier déi Pearl Harbor iwwerlieft haten, schonn tëscht dem 27. an 30. Mee lassgeschéckt, an de Fligerkontingent op Midway gouf verstäerkt. Dem Nagumo säi Verband gouf doduerch fräizäiteg entdeckt an ugegraff. D'Japaner hu véier Fligerdréier, e schwéiere Kräizer an 332 Fligere verluer an de Yamamoto huet d'Saach opginn a sech aus dem Stëbs gemaach. Psychologesch war dat eng wichteg Victoire well bewise gouf datt Japan konnt geklappt ginn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vu Midway.

Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.

Um Spaweck änneren

Commons: Pacific War – Biller, Videoen oder Audiodateien