Naruhito

japanesche Keeser

De Keeser Naruhito (jap. 徳仁), gebuer den 23. Februar 1960 zu Tokio, sëtzt zanter dem 1. Mee 2019 um japanesche Chrysanthementhroun. Hien ass, no der Ofdankung vu sengem Papp dem Keeser Akihito den 30. Abrëll 2019, zanter Hallefnuecht vum 1. Mee 2019 den 126. Tennō vu Japan. Seng offiziell Inthronisatioun war den 22. Oktober 2019.[1]

Naruhito
Gebuertsnumm 浩宮徳仁親王
Gebuer 23. Februar 1960
Nationalitéit Japan
Educatioun Merton College
Aktivitéit Monarch, Aristokrat
Famill
Papp Akihito

A Japan gëtt de Keeser aus Respekt net mat sengem Numm genannt. Hie gëtt als Tennō Heika (天皇陛下, "Seng Majestéit, den himmlesche Souverain") oder Kinjō Heika (今上陛下, "Seng aktuell Majestéit") oder einfach Tennō genannt.

Um Spaweck

änneren
Commons: Naruhito – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. "Japan: Naruhito besteigt den Kaiserthron." wort.lu, 22.10.2019.