Hymenaphorura arantiana

Hymenaphorura arantiana
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Hexapoda
Ënnerklass Apterygota
Uerdnung: Collembola
Famill: Onychiuridae
Gattung: 'Hymenaphorura'
Wëssenschaftlechen Numm
Hymenaphorura arantiana
Weiner & Stomp, 2001

Hymenaphorura arantiana ass eng Collembolenaart (Sprangschwänz) aus der Famill vun den Onychiuridae, déi bis elo nëmme vu Lëtzebuerg, aus der Mëllerdallgéigend, bekannt ass, an deemno als endeemesch ugesi ka ginn.

Si gouf am Joer 2001 vun der polnescher Zoologin Wanda Maria Weiner a vum lëtzebuergesche Collembolespezialist Norbert Stomp beschriwwen, an zwar unhand vu Material, dat si 1998 no beim Ufer vun der Schwaarzer Iernz an der Géigend vun der Stroossekräizung ChrëschtnechBeidler a BlummendallMëllerdall gesammelt haten. Den Aartennumm geet op den ale laténgeschen Numm vun der Iernz, Arantia, zeréck.[1]

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Weiner & Stomp 2001, Stomp & Weiner 2005, S. 229.