D'Astrophysik beschäftegt sech mat de physikalesche Grondlage vun der Erfuerschung vun Himmelserscheinungen. D'Wëssensgebidder vun der Astrophysik an der Astronomie kann een net strikt vuneneen trennen, si betounen allerdéngs verschidden Aspekter: klassescherweis beschäftegt d'Astronomie sech mat der Observatioun, Miessung a Vermiessung vun Himmelsobjeten (Cluster, Quasaren, Galaxien, astronomesch Niwwelen, Neutronestären, Pulsaren, Stären, Planéiten, Mounden, Koméiten, asw.) a mat der Interpretatioun vun de Miessdaten, déi duerch Observatiounen erfaasst ginn, souwéi vun hirer Distanz, Positioun asw.. Deem géintiwwer beschäftegt sech d'Astrophysik mat de physikalesche Prozesser, déi déi spezifesch observéiert Himmelserscheinunge provozéieren.

Klassesch Deelgebidder vun der Astrophysik

änneren

Theoreetesch Astrophysik

änneren

D'theoreetesch Astrophysik versicht, mat Modeller, Himmelserscheinunge virauszesoen oder nozemaachen. Vill astrophysikalesch Prozesser loosse sech duerch partiell Differentialgläichunge beschreiwen, fir déi nëmmen a spezielle Situatiounen eng exakt analytesch Léisung fonnt ka ginn. Eng wäit verbreet Method an der Astrophysik sinn dofir numeresch Berechnungen (Numerik) a Simulatiounen, déi mat engem normale PC (2005) Deeg bis Wochen dauere géifen. An der Praxis gëtt dofir dacks op Supercomputer oder Cluster zeréckgegraff. Mat Observatioune gëtt versicht fir d'Resultater ze bestätegen.

Visuell Astrophysik

änneren

Déi wichtegst Method ass dobäi d'Spektralanalys vun der elektromagnetescher Stralung, woubäi sech den Observatiounsberäich vun de Radiowellen (Radioastronomie) bis zu héich energeetesche Gammastralen iwwer ongeféier 17 Zéngterpotenze streckt. Vun der Äerd aus kënnen ausser siichtbarem Liicht d'Frequenzberäicher vu Radiowellen an e puer Deeler vum Infraroutberäich gekuckt ginn. De gréissten Deel vum infraroude Liicht, ultraviolettem Liicht, souwéi der Röntgenstralung a Gammastralung kënnen nëmme vu Satellitten aus observéiert ginn, well d'Atmosphär vun der Äerd als Filter wierkt.

Klassifizéiert een d'Stären no Spektralklassen a Liichtkraaftklassen, kënne si an een Hertzsprung-Russell-Diagramm (HRD) agedroe ginn. D'Positioun am HRD leet bal all physikalesch Eegenschafte vun de Stäre fest.

Fir d'Distanzbestëmmung kann een de Faarwen-Hellegkeets-Diagramm (FHD) benotzen.

Nieft eenzele Stäre gi virun allem d'Galaxien an d'Galaxiëkéip observéiert. Heifir ginn äerdgebonnen Teleskopen - dacks och zu Clustern zesummegeschallt - a Weltraumteleskope wéi z. B. den Hubble benotzt. Dacks ginn och Satellitte mat Detekteren an Teleskopen, z. B. HEGRA, gestart. Donieft interesséiere sech d'Astrophysiker och fir de kosmesche Stralungshannergrond.

Verhältnes vun der Astrophysik zu aneren Deelgebidder vun der Physik

änneren

Am Géigesaz zu allen aneren Deelgebidder vun der Physik, kennt d'Astrophysik keng Laboratoiresexperimenter. D'Genauegkeet, déi eventuell bei Miessungen an der Kärphysik erreecht gëtt, ass an der Astrophysik systematesch ausgeschloss. Stéiereffekte kënne kaum ëmgange ginn. Tatsächlech kann awer d'Raumfaart als experimentell Astronomie verstane ginn an deenen hir Missiounen als Feldexperiment: D'Méiglechkeet, Teleskopen am Weltraum ze stationéieren, stellt schonn en däitleche Fortschrëtt duer.
D'Problematik vun den Echtzäitmiessungen ass duerch d'astronomesch Distanzen tëscht Äerd an den Objeten dogéint onméiglech ze vernoléissegen .

Um Spaweck

änneren
Commons: Astrophysik – Biller, Videoen oder Audiodateien